D’Wort/RTL Sonndesfro an eng Analys

Dës Woch huet d’Lëtzebuerger Wort an Zesummenaarbecht mat RTL e Sondage publizéiert, wou de Wieler déi berühmt Sonndesfro gestallt gouf: “Ween géingt Dir wielen, wann dëse Sonndeg Wahle wieren?” Ausgefouert vun TNS Ilres goufen insgesamt 4.078 Leit iwwert e längeren Zäitraum befrot. Bei der Ëmfro konnten nieft den 9 Parteien, déi 2013 an d’Wahle matgaange sinn, nach “Autre Parti”, “Vote Blanc”, “N’a pas le droit de vote”, “Ne sait pas” oder “Refus” ukräizen.1 D’Ergebnis vun dëser Ëmfro gouf da beim Wort a bei RTL publizéiert an analyséiert.

Lëtzebuerger Wort, 11. Januar 2017, Säit 2

Fir d’Wort war séier kloer: Verléierer am Osten ass kloer d’DP, ëmmerhi sinn se vun 18,6% am Oktober 2013 op 13% am Dezember 2016 gefall. En ëmgedréint Bild weist sech fir d’CSV, déi vu 36,9% am Oktober 2013 op 40% am Dezember 2016 geklomme sinn. En ähnlechen Titel fënnt een och bei RTL, wou d’Koalitioun vill Plomme léisst, an d’CSV u Stëmme gewënnt:

RTL.lu: http://www.rtl.lu/letzebuerg/www.rtl.lu/letzebuerg//993924.html

Och am Zentrum sollen d’Regierungsparteie Plomme gelooss hunn, an d’Wort tittelt “DP im Sinkflug”:

Lëtzebuerger Wort, 12. Januar 2017, Säit 3

Read More

  1. Methodologesch Umierkungen zum Stëmmungsmonitor “Sonndesfro”, alia.lu: http://alia.lu/_dbfiles/lacentrale_files/500/590/2017SON-1—PolitMonitor-Sonndesfro-RTL—LW-5-1-2017.pdf []