Nowéien vum Referendum

De Vote vum 7te Juni ass méi wéi kloer a léisst keen Interpretatiounsspillraum. D’Majoritéitsparteien hu mam Referendum en ambitiéise Projet gestart, deen allerdéngs no hanne lass gaang ass. Eng vun de Chamber schlecht organiséierte Campagne, en ëffentlechen Debat, deen enttäuschend a gréisstendeels just vun der Zivilgesellschaft gefouert ginn ass, huet sécher och zu dësem Resultat bäigedroe. Mä d’Grënn vun dësem eendeitege Vote si facetteräich a komplizéiert an iwwert déi genau Grënn kann ee bis elo just spekuléieren.

Festzestellen ass virun allem, dass den Ecart tëscht enger kultureller, politescher a wirtschaftlecher Elite an dem Wahlvollek enorm grouss ass. Während Gewerkschaften, déi grouss Zeitungen, Kënschtlerinnen a Kënschtler, d’Patronat, déi véier gréisste Jugendparteien, vill Organisatiounen wéi och d’Majoritéitsparteien sech kloer zum “Jo” positionéieren, sou hunn si et net fäerdeg bruecht dëst un d’Leit ze bréngen. Déi dräi Regierungsparteien konnte mol net hir Parteibasis vun der eegener Positioun ze iwwerzeegen [1], genau sou wéineg wéi d’Gewerkschaften hir Memberen vum “Jo” iwwerzeege konnt. Just 22% vun de Wielerinnen a Wieler zu Lëtzebuerg hunn fir d’Opmaache vum Wahlrecht gestëmmt, nach ni war d’Kluft tëscht der “Elite” an de Wieler sou grouss.

Read More

  1. Sondage TNS/Ilres, S. 44. Online ze fannen op tns-ilres.com []

Mandatsbegrenzung – Eng Beräicherung fir Lëtzebuerg?

Am gesamten Debat ëm de Referendum vum 7te Juni kënnt déi drëtt Fro iwwert d’Mandatsbegrenzung oft ze kuerz. Souwuel an de Medie wéi och op den Informatiounsowenter ass oft net d’Zäit fir adequat doriwwer ze diskutéieren. Beim éischte Liese vun der Referendumsfro stëmme ville Leit der Iddi wuel zou, dass et net schlecht wier en neie Wand an d’Politik ze bréngen, a vill Leit géingen och instinktiv “Jo” wielen. Ma déi drëtt Fro ass awer net sou einfach, wéi se op den éischte Bléck erschéngt.

Et gëtt eng ganz Palett vun Argumenter geliwwert, wisou d’Begrenzung vun der Mandatsdauer eng gutt Iddi wier. Sou gëtt geschriwwen dass een doduerch neie Wand an d’Politik kéint bréngen an dass een domat jonk Politiker eng Chance géing ginn. Dass d’Chamber vun der Expertise géif profitéieren, wann e Minister no 10 Joer rëm zeréck an d’Parlament kënnt. Dass eng demokratesch Erneierung géing stattfannen. Mä ass dat wierklech sou? Oder géif et aner Mechanisme gi fir dësem “Freeze” op Regierungsebenen entgéint ze kommen an ass dat wierklech wënschenswäert?

Jean-Claude Juncker
De Jean-Claude Juncker war 29 Joer an der Regierung, bal 19 dovunner als Premier. Foto CC BY-NC-ND vum European Council.

D’Begrenzung vu Ministermandater ass eppes, wat engem parlamentaresche System wéi Lëtzebuerg friem ass. Et fënnt een eng Amtsbegrenzung meeschtens a presidentielle Systemer, wéi beispillsweis an den USA, wou dann allerdings och just d’Mandat vum President limitéiert ass. Weltwäit gëtt et kee vergläichbare parlamentaresche System, wou d’Mandater effektiv begrenzt sinn. Zu Lëtzebuerg wier et net méiglech gewiescht, just d’Mandat vum Premier-Minister ze begrenzen, well hie just e Minister wéi all aneren ass. Hien ass also e Minister primus inter pares. Verfassungsrechtlech gëtt et keen Ënnerscheed tëscht dem Premier an den aneren an duerfir ass d’Propose sou um Dësch, wéi mer se kennen.

Read More

De gréissten, enttäuschendsten Debat zu Lëtzebuerg

Am Virfeld vum Referendum gouf d’Diskussioun ëm solchen als “gréissten Debat” zu Lëtzebuerg ugekënnegt. En Debat iwwert e Referendum, deen groussen Impakt op Lëtzebuerg an d’Zukunft vum Land huet. En Debat, deen doriwwer entscheed ob mer bereet sinn, eist Wahlgesetz méi oppen an inklusiv ze gestalten, an eiser Demokratie méi Legitimatioun ze schenken. En Debat, ob mer eis Gesellschaft weider entwéckelen, oder ob mer de Status Quo als bescht Ziil vun der Integratioun a Matbestëmmung ugesinn.

Kuckt een sech allerdéngs den Debat un, ass een vun dësem “gréissten Debat, dee Lëtzebuerg je erliewt huet” séier enttäuscht. Genau ee Mount virum Referendum selwer geet dës Diskussioun réischt un, d’Parteien, d’Chamber an d’Regierung hunn Startschwiiregkeeten, während se déi Theme laang gemidden hu wéi e waarmt Eisen. Ier déi grouss Campagne lancéiert ginn ass, goufe monter Sondagen gemeet, obwuel nach guer net wierklech iwwert de Referendum diskutéiert ginn ass. Soubal d’Campagne da lancéiert ass, halen d’Sondagen da schonn op. Wéi sënnvoll dës Sondagen dann wierklech sinn, sief mol dohi gestallt.

IMG_20150515_093606
En trostlose Parteiewahlkampf iwwert déifgräifend Referendumsfroen. CC BY-SA 4.0 vum Claude Biver.

Dobäi wier et dach begréissenswäert gewiescht, wann déi ganz Campagne vun der Chamber sech iwwert eng méi laang Zäit ausgedehnt hätt. D’Froen, déi proposéiert ginn, beschäftegen sech nämlech genau mat der Identitéit vu Lëtzebuerg a sinn entscheedend fir d’weider Zukunft vum Land. Wéi gesi mer eis, wéi ass eis Gesellschaft? Wie gehéiert dozou, wie loosse mer mat decidéieren? Froen, déi zwar säit Joren (a Jorzéngten) indirekt ze spire waren, ginn direkt adresséiert. Fir de Leit ee Mount Zäit ze ginn, sech doriwwer ausräichend z’informéieren an ze diskutéieren, ass méi wéi fahrlässeg.

Read More