Kann ee vun enger “Gambia”-Koalitioun schwätzen?

Premier Conseil de Gouvernement
Déi aktuell Regierung vu Lëtzebuerg. Foto © SIP / Nicolas Bouvy

 

Mat der Vereedegung vum Xavier Bettel an den aneren 14 Ministeren an 3 Staatssekretären den 4. Dezember huet Lëtzebuerg offiziell eng nei Regierung. Säit dem Dag no de Wahlen, wou offiziell d’Iddi vun enger Dräierkoalitioun ausgeschwat gouf an déi verschidden Parteien openeen duer gaang sinn, gëtt dës Koalitioun tëscht DP, LSAP an déi gréng oft ënnert “Gambia“-Koalitioun zesummegefaasst. Gambia, well de Fändel vu Gambia Roud-Blo-Gréng ass. Dëst gouf relativ fréi vun der Presse opgeholl an och déi iwwert 5.000 “Likes” staark Page op Facebook huet dëse Numm an der politescher Landschaft vu Lëtzebuerg gebrandmarkt. Mä ass dat iwwerhaapt en Numm, deen op dës Regierung passt? Wëlle mer iwwerhaapt Gambia sinn?

Read More

Wisou eng Dräierkoalitioun legitim ass

3er Koalitioun: Mat Ach und Krach zesummegefléckt?
3er Koalitioun: Mat Ach und Krach zesummegefléckt? © Gambia Koalitioun Lëtzebuerg

(Disclaimer: Ech hunn mat der Facebook-Säit “Gambia Koalitioun Lëtzebuerg” näischt ze dinn, ech hunn just nogefrot ob ech d’Coverfoto fir de Blogpost notze kéint)

Eigentlech wollt ech mech net zum Thema Dräierkoalitioun äusseren. An ech maachen et awer, well ech gesinn, dass deelweis polemesch an verzweiwelt argumentéiert gëtt. Ech probéieren op déi gängeg Commentairen anzegoen an se ze widderleeën.

Dass d’CSV net an der Regierung ass, ass géint de Wielerwëllen!

Wann den 20. Oktober um Stëmmziedel gestan hätt: “D’CSV muss an d’Regierung, Jo oder Nee” an eng Majoritéit vun de Leit hätt mat “Jo” ofgestëmmt, wier dat effektiv de Fall. Dann wier eng Rout-Blo-Gréng Koalitioun1 absolut géint de Wielerwëllen. Mä wat ass “Den Wielerwëllen” dann iwwerhaapt? Ech fannen et enorm schwéier, dat genau ze definéieren, besonnesch an engem Wahlsystem wou ee panaschéieren kann. Et ginn nämlech ëmmer manner Lëschte gewielt, den Trend ass säit 1979 ofhuelend, während tëscht de Parteien ëmmer méi panaschéiert gëtt.2 Dat bedeit also dass d’Stëmmen tëscht de Parteien opgedeelt ginn an dass sou déi meescht Leit keng eenheetlech Meenung hunn, mä verschidde Stréimungen a Parteien ënnerstëtzen. Mä doriwwer eraus ass et sou, dass de “Wielerwëllen” eng Generaliséierung ass, mä ee vun engem Individuum net onbedéngt op e Kollektiv schléisse kann (vgl “individualistischer Fehlschluss”). Dass et keen eenheetlechen Wielerwëlle gëtt, kann ee ganz gutt dorun erkennen, dass eng hëtzeg Debatt iwwert Dräierkoalitioun entfacht ass, an dass d’Vollek quasi an zwee gespléckt ass.

Read More

  1. Ech ënnerloossen de Begrëff “Gambia-Koalitioun” opgrond vun negativen Connotatiounen, besonnesch well  am Gambia d’Mënscherechter oft verletzt ginn; Als Lecture: “Gambian president says gays a threat to human existence“ []
  2. Dumont, Patrick/Fehlen, Fernand/Poirier, Philippe, 2008: Parteiensystem, politische Parteien und Wahlen, in: H. Lorig, Wolfgang/Hirsch, Mario (Hrsg.), Das politische System Luxemburgs. Eine Einführung. Wiesbaden:VS Verlag für Sozialwissenschaften, S. 159. []