Wahlflicht: Déi falsch Diskussioun

13% vun de Wieler hunn dëst Joer bei de Wahlen net deelgeholl. Dat ass e Problem fir den Alex Bodry. D’Diskussioun ëm d’Wahlflicht gräift awer ze kuerz. De Wahlsystem huet nämlech vill méi wichteg Problemer.

Bei de Gemengewahle waren dëst Joer 285.319 Wieler ageschriwwen, eng 248.885 Wahlziedele goufe schlussendlech ofginn. Dat ass eng Wahlbedeelegung vu ronn 87,23%. Beim Referendum vun 2015 waren et 86,99%, bei den Europawahlen 2014 85,55%, a bei de Chamberswahlen 2013 waren et 89,98%. [1] Grond genuch fir den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry, sech dësem an enger Question parlementaire unzehuelen. D’Äntwert: Beschtefalls befriddegend.

Och wa bekannt ass, wéi vill Leit sech net un de Wahle bedeelegt hunn, sou ass net ganz kloer wéi vill dat ouni eng valabel Excuse gemaach hunn. De Parquet huet et nämlech verpasst, dës Zuelen bei de Gemengen unzefroen.

Eng politesch Fro

D’Diskussioun ëm d’Wahlflicht ass keng nei. Pro oder Kontra Argumentatioune fir oder géint d’Wahlflicht si sou al wéi d’Iddi selwer. D’Decisioun, ob dat zu Lëtzebuerg iwwerhaapt Sënn mécht, ass deemno eng reng politesch. Mä duerch de Fait, datt zënter 1964 kee méi sanktionéiert ginn ass, deen onentschëllegt net wiele war, ass d’Wahlflicht de facto ofgeschaaft.

D’politesch Parteien wëllen awer weiderhin dorunner festhalen, an hunn dat och kloer kommunizéiert. D’Diskussioun ëm eng Wahlflicht schéngt also eriwwer, éier datt se wierklech ugefaangen huet. Datt de Parquet déi net-excuséiert Wieler op mannst enregistréiere misst, schéngt evident. Wéi d’Sanktiounen heifir ausgesinn, dat ass erëm eng politesch Fro.

De Problem vun de Wahlbezierker

Mä d’Diskussioun ëm d’Sanktioune lenkt vun de wierkleche Problemer of. De Lëtzebuerger Wahlsystem, wéi en de Moment ass, ass alles anescht wéi fair a modern. D’Andeelung a véier Wahlbezierker ass nach op al feudal Zäiten zeréckzeféieren, déi sécherstelle sollt, datt déi verschidde Regiounen am Parlament vertrueden wieren. An Zäite wou d’Leit reegelméisseg an en anere Kanton, an deemno an en anere Wahlbezierk plënneren, oder an deem engen Wahlbezierk wunnen, mä an en anere schaffe ginn, souwéi d’Digitaliséierung an den Accès zu Informatioune bréngen dës Argumentatioun allerdéngs an d’Bredouille.

D’Zuel vun den aktuelle Sëtz, déi de jeeweilege Wahlbezierker zoustinn, si säit längerem net ugepasst ginn an entspriechen och net méi der Realitéit:

% vun de Wieler Ageschiwwe Wieler Sëtz Wieler pro Deputéierten [2]
Süden 39,80% 95.397 23 4.148
Osten 14,10% 33.841 7 4.834
Norden 18,02% 43.198 9 4.800
Zentrum 28,05% 67.232 21 3.202
Total 100,00% 239.668 60  3.994

Et fält op, datt am Norden op 4.800 Wieler een Deputéierte kënnt, während am Zentrum op 3.202 Wieler een Deputéierte kënnt. D’Proportionalitéit an d’Representativitéit vun den eenzelen Wahlbezierk ass momentan also net ginn. Oder anescht formuléiert: Net all Stëmme zielt d’selwecht, eng Stëmm vum Zentrum huet beispillsweis méi Gewiicht wéi eng Stëmm aus dem Norden. E reelle Problem fir d’Demokratie.

Weiderhin dréit d’Opsplécke vum Land a véier Wahlbezierker dozou bäi, datt grouss Parteien hir staark Positioun weider festegen, während et klenge Parteien méi schwéier gemaach gëtt, Fouss ze faassen. D’Resultat bei engem eenheetleche Wahlbezierk [3] géif méi klenge Parteien an d’Hänn spillen. Wéi dat bei de Chamberswahlen 2013 ausgesinn hätt, hat ech schonn eng Kéier virgerechent. Sou wieren d’Piraten an d’PiD mat engem Sëtz an der Chamber vertrueden, LSAP, DP an CSV hätte je ee Sëtz verluer. D’ADR hätt ee Sëtz méi wéi bis ewell. Fir dëst ze änneren, misst een d’Verfassung änneren. Eng Chance, déi bei Verfassungsreform allerdéngs verpasst gouf.

Mä et kéint een effektiv net einfach esou d’Wahlbezierker ofschafen, ouni ee gudden Alternativplang parat ze hunn. Et misst een iwwerdenken ob et Sënn mécht, de Panachage-System esou bäizebehalen. Et riskéiert een dann ee Wahlziedel mat 60 Kandidate pro Lëscht ze hunn. 2013 wieren dat dann 540 Nimm um Wahlziedel gewiescht. Iddien vun engem Wahlsystem, deen um däitsche Model mat zwou Stëmmen (enger Lëschtestëmm, an enger Persounestëmm) inspiréiert ass, wieren hei e méigleche Kompromëss.

De Problem vun der Wahlarithmetik

Mä och d’Art a Weis, wéi d’Stëmmen a Sëtz ëmgerechent ginn, ass problematesch. De System vun de Reschtsëtz dréit haaptsächlech dozou bäi, datt déi grouss Parteien hir Positioun weiderhi verstäerken, an datt kleng Parteien et nach ëmmer schwéier hunn, Fouss ze faassen. D’Kritik un der Rechemethod ass net nei. Aner Länner, wou en ähnleche System applizéiert gouf, hunn hiert Wahlrecht dowéinst scho geännert, dacks well hei d’Gläichheetsprinzip net agehale ginn ass, an dëst net verfassungskonform war.

Et ginn awer vill verschidde Methoden an der Politikwëssenschaft, déi eng Léisung fir dëse Problem virschloen. De Soziolog Fernand Fehlen huet no de Chamberswahlen 2013 scho fir eng Reform vum Wahlrecht plädéiert.

Keen inklusiivt Wahlrecht

D’Problemer vun eisem Wahlsystem sinn awer och demographescher Natur. Am forum vum Mee 2017 weist de Morgan Kuntzmann däitlech, wéi den aktuelle Wahlsystem besonnesch eelere Leit zegutt kënnt. D’Altersgrupp 60+ mécht nämlech 31,4% vun der Wielerschaft aus, mä just 24,1% vun der Gesamtbevëlkerung. Si ass kloer politesch iwwerrepresentéiert. Bei der Altersgrupp 18-39 ass et allerdéngs komplett ëmgedréint: Si mécht 38,6% vun der Gesamtbevëlkerung aus, mä just 32,8% vum Elektorat, an ass domat ënnerrepresentéiert.

Och wann d’Fro vum Auslännerwahlrecht kloer ofgelehnt gouf, sou ass de Problem vum “Demokratiedefizit” nach ëmmer net geléist. Am Oktober 2013 ware just 57,4% vun der Gesamtbevëlkerung wahlberechtegt, Tendenz erofgoend. E Problem, deen ee mat der Reform vun der Naturalisatioun nëmme begrenzt bekämpfe kann. Mä och dës Diskussioun schéngt ënnert den Dësch gefall ze sinn. Et wëll kee sech (eng zweete Kéier) d’Fanger verbrennen.

Eng grondleeënd Reform vum Wahlsystem

Et ass gutt, datt iwwert d’Wahlflicht an iwwert de Wahlsystem geschwat gëtt. D’Diskussioun, wéi se de Moment gefouert gëtt, gräift allerdéngs ze kuerz. Et misst ee sech froen, wisou datt souvill Leit net wiele gaang sinn, amplaz blann un der Walflicht festzehalen. Doriwwer eraus misst fir d’Demokratie ze stäerken de Wahlsystem vu Grond op geännert ginn, an net just punktuell Scheindiskussioune gefouert ginn. De Wahlsystem ass op ville Punkten alles anescht wéi fair a modern, a muss dofir dréngend ugepasst ginn. De Wahlsystem ass nämlech d’Réckgrat vun eiser Demokratie.

Share on Facebook39Tweet about this on Twitter0Share on LinkedIn1Email this to someone
  1. Eege Berechnungen, baséierend op data.public.lu []
  2. Eege Berechnungen, baséierend op Date vum CTIE []
  3. Notiz: Dëst ass just eng graff Iddi, well hei Partikularitéiten vun eisem Wahlsystem wéi de Panachage net mat afléissen []

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *