D’Wort/RTL Sonndesfro an eng Analys

Dës Woch huet d’Lëtzebuerger Wort an Zesummenaarbecht mat RTL e Sondage publizéiert, wou de Wieler déi berühmt Sonndesfro gestallt gouf: “Ween géingt Dir wielen, wann dëse Sonndeg Wahle wieren?” Ausgefouert vun TNS Ilres goufen insgesamt 4.078 Leit iwwert e längeren Zäitraum befrot. Bei der Ëmfro konnten nieft den 9 Parteien, déi 2013 an d’Wahle matgaange sinn, nach “Autre Parti”, “Vote Blanc”, “N’a pas le droit de vote”, “Ne sait pas” oder “Refus” ukräizen. [1] D’Ergebnis vun dëser Ëmfro gouf da beim Wort a bei RTL publizéiert an analyséiert.

Lëtzebuerger Wort, 11. Januar 2017, Säit 2

Fir d’Wort war séier kloer: Verléierer am Osten ass kloer d’DP, ëmmerhi sinn se vun 18,6% am Oktober 2013 op 13% am Dezember 2016 gefall. En ëmgedréint Bild weist sech fir d’CSV, déi vu 36,9% am Oktober 2013 op 40% am Dezember 2016 geklomme sinn. En ähnlechen Titel fënnt een och bei RTL, wou d’Koalitioun vill Plomme léisst, an d’CSV u Stëmme gewënnt:

RTL.lu: http://www.rtl.lu/letzebuerg/www.rtl.lu/letzebuerg//993924.html

Och am Zentrum sollen d’Regierungsparteie Plomme gelooss hunn, an d’Wort tittelt “DP im Sinkflug”:

Lëtzebuerger Wort, 12. Januar 2017, Säit 3

RTL hält sech bei dëser Analys méi bedeckt:

RTL.lu: http://www.rtl.lu/letzebuerg/994298.html

Am Süde geet d’Wort souguer méi staark mat den 3 Regierungsparteien an d’Geriicht, an nennt hiert Resultat en “Desaster”:

Lëtzebuerger Wort, 13. Januar 2017, Säit 2

D’Zuele schwätzen eng kloer Sprooch: D’Regierung ass onbeléift. Mä ass dat wierklech esou? Kann ee wierklech d’DP an déi aner Regierungsparteien als Verléirer duerstellen, oder ass dës Analys bëssen ze kuerz gegraff?

Sondage als Stëmmungsthermometer

E Sondage ass, streng geholl, net vill méi wéi en Thermometer, wou eng Stëmmung gemooss gëtt. E Sondage ka keng Wahl prognostizéieren, an ass mat senger Aussoskraft staark limitéiert. Sondage si gutt, fir Stëmmung ze moossen, mä exakt Resultater kann een domat net prophezeien, an et soll een d’Resultater also mat Virsiicht genéissen. 2016 huet ee gläich zweemol, beim Brexit a bei den US-Amerikanesche Präsidentschaftswahle gesinn, wéi komplizéiert a komplex Sondage kënne sinn, a wéi séier se net akkurat kënne sinn.

D’Sonndesfro ass e klasseschen Outil, deen net nëmmen am Ausland regelméisseg gebraucht gëtt, mä och zu Lëtzebuerg säit 2005 regelméisseg vun TNS ausgefouert gëtt, an all 6 Méint vum Tageblatt publizéiert ginn ass. D’Sonndesfro vum Dezember 2016 ass déi éischt, déi vum Wort an RTL an Optrag ginn ass, an net méi vum Tageblatt. Trotzdem kann een déi zwou Ëmfroe matenee vergläichen.

D’Methodologie vun den Ëmfroen [2] ass identesch bliwwen, mam eenzegen Ënnerscheed dass den Echantillon, also d’Unzuel vun de befrote Leit, an d’Luucht gaangen ass. Goufe beim Tageblatt am Juni 2016 nach 2.264 Leit befrot, sou waren et beim RTL/Wort Sondage am Dezember 2016 scho 4.078 Leit. Generell kann ee festhalen: Wat ee méi Leit befreet, wat d’Resultat méi exakt gëtt. Methodesch gesinn ass de Recht identesch, an déi zwee Sondage kann een also matenee vergläichen, wat ech mer an engem Telefonat mat TNS Ilres och bestätege gelooss hunn.

E méi nuancéiert Bild

Wann een dann d’Sonndesfroe vum Tageblatt a vum Wort/RTL matenee vergläicht, an d’Evolutioun vun de Parteien iwwert eng méi regelméisseg Zäitspaan vergläicht, kënnt een op aner Conclusioune wéi d’Wort oder RTL. Ech hunn dës Wäerter an engem Google Spreadsheet zesummegedro. [3]

Kuckt een sech beispillsweis de Bezierk Zentrum un, fënnt ee folgend Wäerter:

Quell: Tageblatt, Wort, RTL, TNS Ilres.

Wéi ee feststellt, huet d’DP am Zentrum no de Wahle vum Oktober 2013 e klenge Vertrauensbonus kritt, mä ass zënterhier an engem konstante “Sinkflug”, a kann sech elo fir d’éischte Kéier rappen, a leet erëm 4% bäi. Och d’LSAP kann sech fir d’éischte Kéier säit de Wahlen erëm verbesseren, während d’CSV fir d’éischte Kéier verléiert. Déi gréng sinn no engem klengen Höhenflug erëm am Juni 2016 Erëm bei hire Wäerter ëm déi 10% ukomm – wäit wech vun de 15%, wou se nach viru 5 Joer waren.

Quell: Tageblatt, Wort, RTL, TNS Ilres.

Kuckt een sech d’Ëmfroewäerter am Osten un, sou entfaalt sech en ähnlecht Bild: d’DP huet no de Wahlen 2013 e klenge Vertrauensvorschuss kritt, an ass zënterhier kontinuéierlech am Falen, an huet et elo fir d’éischt geschafft, erëm bëssen erop ze klammen. Dat selwecht gëllt fir d’LSAP, an och déi gréng packen et erëm bëssen no uewen ze klammen. Den ADR konnt an der läscht vill bäileeën, mä verléiert am Dezember fir d’éischte Kéier un Zousproch, genau sou wéi d’CSV.

Quell: Tageblatt, Wort, RTL, TNS Ilres.

Wann een sech d’Sonndesfro am Norden ukuckt, gesäit een dass d’CSV kontinuéierlech bäihëlt a rëm un al Stäerkt erukënnt. D’DP an de’LSAP no de Wahle kontinuéierlech verluer, mä d’DP kann och hei fir d’éischt erëm un Zousproch gewannen. Ob dat elo wierklech eng “Schlappe” ass, sief dohi gestallt.

Am Süde kann een eppes ähnleches erkennen:

Quell: Tageblatt, Wort, RTL, TNS Ilres.

D’DP huet wéi an anere Bezierker en euphoresche Start dohigeluecht, mä verléiert zënterhier stänneg, a ka eréicht säit engem Joer lues a lues un Zousproch gewannen. Och d’LSAP ass op laang Siicht kontinuéierlech um Falen, während déi lénk an d’ADR am Süden u Stëmme gewannen.

Kuckt een sech d’Daten iwwert e längeren Zäitraum un, dann ergëtt sech d’Bild dass d’Regierung no engem ufängleche gudde Start vill Zousproch verluer huet, a sech elo säit kuerzem erëm erhuele kann.

A wéi geet et weider?

Et ass zu Lëtzebuerg, bedéngt duerch eise komplizéierte Wahlsystem, net grad einfach gutt Sondagen ze féieren. Eise Wahlsystem erméiglecht Panachage, wat een an enger Telefonsëmfro net präzis froe kann, also bleift just d’Méiglechkeet no de Parteien direkt ze froen. Och ass eise Wahlsystem extrem op d’Käpp vun den eenzelnen Kandidaten zougeschnidden: E staarke Kandidat wéi den Charles Goerens ka beispillsweis der DP am Norden zu ville Stëmme verhëllefen, a vläit och Stëmme vu Leit sammelen, déi soss keng DP géinge wielen. Trotzdem kënnt dëse Sondage relativ no un déi richteg Resultater erun.

D’Sondage vum Tageblatt a Wort/RTL si methodologesch gläich, ausser d’Resultat vum Wort/RTL Sondage duerch e méi héijen Echantillon méi exakt ginn ass. Doduerch, dass d’Wort an RTL déi nei Sondage mat de Wahlresultater vun 2013 verglach hunn, wat ëmmerhin méi wéi 3 Joer zeréckläit, entsteet e verzerrt Bild. Grad bei Stëmmungsopnahmen, wat e Sondage jo schlussendlech duerstellt, ass dëst problematesch. Et dierf een och net vergiessen, dass d’Wahle vun 2013 ënnert engem besonnesche Stär stoungen: D’Regierung ass zeréckgetrueden, d’CSV war an e Geheimdéngschtskandal verwéckelt, et goufe virgezunne Wahlen, asw. E richtege Verglach iwwert Zäit, wéi dëse Blogpost et proposéiert, gëtt dem Exercice méi gerecht.

Wisou huet d’Wort/RTL dann net op d’Sondage vum Tageblatt zeréckgegraff? Ganz einfach: Aus juristesche Grënn, déi al Date gehéieren nämlech dem Tageblatt, well si de Sondage bei TNS Ilres an Opdrag ginn hunn. Dëst stellt also quasi den neien “Nullpunkt” vun der Wort/RTL Sonndesfro duer, a eréicht duerch déi nächst Sonndagen, viraussiichtlech am Juni 2017, wäert Wort/RTL an der Lag sinn, och längerfristeg Trends duerzestellen, déi méi exakt sinn.

Trotz den interessante Conclusiounen sollt een de Sondagen net en ze grousse Wäert huelen, a sech gläichzäiteg awer och net ignoréieren. Wéi mer 2016 bewise kruten, kënne Sondage zimlech komplizéiert sinn, a sou sollt een se net als Prophezeiung liesen, mä och net lénks leie loossen. E spigelt eng Stëmmung an der Populatioun wider, a kann als Indice fir d’Politik gëllen. Och wann d’Regierungsparteie vläicht op kuerz Dauer besser ofgeschnidden hunn, sou muss awer eng gewëssen Iwwerleeung a Selbstkritik innerhalb vun de Parteien entstoen, well en Ofwäertstrend ass trotzdem ze erkennen.

Note: Ech wäert dëse Post am Laf vun den Deeg vläicht nach aktualiséieren an d’Zuelen aus der Google Spreadsheet iwwerpréiwen. Ech kann ënnert claude@cbiver.eu fir weider Informatioune kontaktéiert ginn.

Update 14/01/2017: D’Wäerter an d’Grafike goufe mat den Donnéeën vum Tageblatt iwwerpréiwt an aktualiséiert, genau wéi de Spreadsheet.

Update 16/01/2017: Vergläicht een d’Sëtzverdeelung iwwert Zäit, sou stellt ee fest dass d’Koalitioun säit de Wahlen am Oktober 2013 keng enzeg Kéier eng Majoritéit krut:

Quell: Tageblatt, Wort, RTL, TNS Ilres.

Vergläicht een d’Sëtz vun der CSV an der Koalitioun iwwer Zäit, kënnt een zum Schluss dass d’CSV scho säit geraumer Zäit d’Nues fir huet:

Quell: Tageblatt, Wort, RTL, TNS Ilres.

Share on Facebook239Tweet about this on Twitter13Share on LinkedIn15Email this to someone
  1. Methodologesch Umierkungen zum Stëmmungsmonitor “Sonndesfro”, alia.lu: http://alia.lu/_dbfiles/lacentrale_files/500/590/2017SON-1—PolitMonitor-Sonndesfro-RTL—LW-5-1-2017.pdf []
  2. Zum Verglach: Methodologesch Umierkungen fir d’Tageblatt Sonndesfro am Juni 2016: http://alia.lu/_dbfiles/lacentrale_files/500/523/2016-06-03-Baromtre-politique-sur-lintention-de-vote-lections-lgislatives.pdf an d’Methodologesch Umierkungen fir d’RTL/Wort Sonndesfro: http://alia.lu/_dbfiles/lacentrale_files/500/590/2017SON-1—PolitMonitor-Sonndesfro-RTL—LW-5-1-2017.pdf  []
  3. All dës Wäerter wéi och d’Graphen si mat Virsiicht ze genéissen, ech waarden nach Dokumenter vum Tageblatt fir d’Zuelen eng 2te Kéier z’iwwerpréiwen []

3 Comments

  1. Net Stëmmungsbarometer, mé Stëmmungsmacher.Als én wou sengerzäit dén 1.politische Sondage zu Lëtzebuerg présentiéert an analysi’ert huet, wés ech, wéi “trügeresch” esou Sondagen zu Lëtzebuerg sinn, och wann d’ILRES mëttlerweil sein Instrumentarium verfeinert huet.

  2. Ganz interessant.

  3. Och wann ech dem Fernand Weides nët ganz Recht gin, si mer zou Lëtzebuerg wat Ëmfroen ugeet an enger spezieller Situatioun, a nët nëmmen wat politesch ëmfroen ugeet. Als fréieren Präsident vun der ILReS hat ech vill Kontakt mat auslänneschen Instituter an si hu mer oft gesot datt je klenger, a villschichteger e Marché wär, desto komplizéieter wier ët vertrauenswürdeg Resultater ze kréien. Ech hun dat oft genuch bemierkt a menger Positioun als Revue-Direkter, wou Lieserschaft bei der ILReS-Etude erof oder eropgoung awer ëmgedreit eis Verkaafszuelen eppes aneschtes gesot hun. Bei Der omninenter Sonndes-Fro as dat nach vill mei komplizéiert, well do gi mer jo net vu Fakten aus, mä vun Intentiounen. Wann ee wees wéi komesch Wuelverhalen vun de Lëtzebuerger as, wann een de komplizéierten Reschtsetzverdeelungsmodus as a wann ee wees wei schnel Stëmmungen ëmschloen, as dei ganz Operatioun zou engem Deel Nët onbegengt förderlech fir Demokratieverständnis. Derbäi kënnt dat zanter dem Referendum, aus Grënn déi een och mol misst wëssentschaftlech ënnersichen, eis Lëtzebuerger Gesellschaft, genau wéi an allen westlechen Demokratien, e kräftegen Ruck no riets mecht. As deen temporär oder bedengt duerch eng kontinuell Mondialisatioun vu Wirtschaft a Gesellschaft e längerfristeche Problem.
    Nichts desto Trotz, eng Sonndesfro as nët méi wärt wéi eng Sonndes-Mass oder – Apéritif.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *