Nowéien vum Referendum

De Vote vum 7te Juni ass méi wéi kloer a léisst keen Interpretatiounsspillraum. D’Majoritéitsparteien hu mam Referendum en ambitiéise Projet gestart, deen allerdéngs no hanne lass gaang ass. Eng vun de Chamber schlecht organiséierte Campagne, en ëffentlechen Debat, deen enttäuschend a gréisstendeels just vun der Zivilgesellschaft gefouert ginn ass, huet sécher och zu dësem Resultat bäigedroe. Mä d’Grënn vun dësem eendeitege Vote si facetteräich a komplizéiert an iwwert déi genau Grënn kann ee bis elo just spekuléieren.

Festzestellen ass virun allem, dass den Ecart tëscht enger kultureller, politescher a wirtschaftlecher Elite an dem Wahlvollek enorm grouss ass. Während Gewerkschaften, déi grouss Zeitungen, Kënschtlerinnen a Kënschtler, d’Patronat, déi véier gréisste Jugendparteien, vill Organisatiounen wéi och d’Majoritéitsparteien sech kloer zum “Jo” positionéieren, sou hunn si et net fäerdeg bruecht dëst un d’Leit ze bréngen. Déi dräi Regierungsparteien konnte mol net hir Parteibasis vun der eegener Positioun ze iwwerzeegen [1], genau sou wéineg wéi d’Gewerkschaften hir Memberen vum “Jo” iwwerzeege konnt. Just 22% vun de Wielerinnen a Wieler zu Lëtzebuerg hunn fir d’Opmaache vum Wahlrecht gestëmmt, nach ni war d’Kluft tëscht der “Elite” an de Wieler sou grouss.

Op der anerer Säit am Camp vum “Nee” erkennt een just eng passiv ADR an eng CSV, déi sech mëttelméisseg bis guer net am Debat engagéiert huet, an hir Positioun och méi flexibel geréiert huet. Gouf nach virum Referendum kloer gesot, dass et sech net ëm en Vote de Sanction géint d’Regierung handelt, sou schéngt dës Meenung net méi aktuell ze sinn, wa Leit wéi de Marc Spautz der Regierung e Récktrëtt noleeën.

Dobäi wier e Récktrëtt vun der Regierung en absolut fatalt Signal géigeniwwer der partizipativer Demokratie. Eng Regierung, déi mat der Iddi ugetrueden ass, d’Biergerinnen an d’Bierger méi an de politeschen Debat anzebauen, zur Rechenschaft ze zéien, well se e Referendum lancéiert hunn deen net an hirem Interêt ausgaang ass, ass absurd. Weiderhin wier dat och e staarkt Signal géint weider Referenden, well wien riskéiert dann an Zukunft nach d’Organisatioun vun engem Referendum? Wa mer wëllen méi partizipativ Demokratie hunn, da musse mer och léieren mam Resultat ëmzegoen. Egal, ob dat lo am Sënn vun deem ass, deen d’Fro stellt, oder net.

Während d’CSV an d’ADR éischter passiv waren, sou gouf den “Nee” gréisstendeel vum Fred Keup organséiert, engem Geos-Proff dee bis virun e puer Méint nach net politesch aktiv war. Grad hien spigelt d’Kluft tëscht Politik a Vollek am beschte erëm. E Mann, quasi aus dem Vollek, dee seng Meenung géint déi etabléiert Politiker a Parteien virgedroen huet. Sinn déi 80% Refus net nëmmen als Klatsche géint d’Regierungsparteien ze verstoen, mä vläicht och als Oflehnung géigeniwwer der etabléierter Politik a Politiker am Allgemengen? Den “Nee” zu der Begrenzung vun de Ministermandater sprécht jiddefalls net dofir.

Mä wat bedeit den “Nee” vum 7te Juni? E Bléck op de Sondage vun TNS/Ilres gëtt en Abléck doran, wéi facetteräich d’Ofstëmmungen kënne sinn: Während 43% vun de Befroten der Meenung sinn, dass zu Lëtzebuerg en Demokratiedefizit ass [2] an 52% och fannen, dass déi Fro déi richteg ass [3], sou hunn trotzdem nëmmen 22% vun de Leit dofir gestëmmt. 7% vun de Befroten hunn uginn, aus dem Awunnerwahlrecht e Vote géint d’Regierung ze maachen, an ëmmerhin 38% hu gesot dass se souwuel e Vote géint d’Regierung wéi och e Vote géint d’Fro en soi gemaach hunn. Knapps d’Halschecht huet bei Kräizmaachen also (och) hire Frust un der Regierung zum Ausdrock bruecht. 47% vun de Wieler sinn  der Meenung dass d’Awunnerwahlrecht just eng Fro vun der Zäit ass, während 34% vun de Wieler mengt dass et dat ni zu Lëtzebuerg wäert ginn. [4] Ob dat e Refus vun de Konditiounen bedeit, mä prinzipiell d’Awunnerwahlrecht als Iddi begréisst gëtt, steet also zur Diskussioun.

Mä och d’Sprooch schéngt eng wichteg Komponent fir d’Wieler ze sinn, sou gëtt 35% vun de Wielerschaft d’lëtzebuerger Sprooch als éischt Prioritéit un [5], wann et ëm d’Identitéit vum Land geet. D’Wahlrecht schéngt also fir de Lëtzebuerger net vun der Sprooch ze trennen ze sinn. Hei hätt sech en eventuelle Mëttelwee ugebueden, en Awunnerwahlrecht gekoppelt u Sproochekenntnisser, och wann dat enger Art Wahlführerschäin gläich kënnt an och juristesch schwéier ëmzesetzen ass. Trotzdem wier dat wahrscheinlech eppes, woumat d’CSV sech méi hätt kënnen ufrënnen.

Wichteg ass elo virun allem eng gutt Studie ze maachen, fir den “Nee” genau ze verstoen an deem och Rechnung ze droen. D’Problematik ass nämlech net iwwer Nuecht duerch de Referendum verschwonn, mä d’Entscheedung, wéi mer auslännesch Matbierger abanne kënnen, gouf just verluecht, an d’Diskussioune sinn nach laang net fäerdeg. D’Chamber an d’Regierungsparteien hunn hir Lektioun hoffentlech geléiert, well 2017 steet den nächste Referendum um Plang. Dës Kéier iwwert déi komplett nei Verfassung.

Share on Facebook110Tweet about this on Twitter0Share on LinkedIn0Email this to someone
  1. Sondage TNS/Ilres, S. 44. Online ze fannen op tns-ilres.com []
  2. Sondage TNS/Ilres, S. 22 []
  3. Sondage TNS/Ilres, S. 25 []
  4. Sondage TNS/Ilres, S. 77 []
  5. Sondage TNS/Ilres, S. 87 []

3 Comments

  1. Ech mengen net, dass eng Facebook-Campagne esou en Afloss op de massiven Nee hat, mee éischter déi Campagne fir de Jo vum Bëschof bis zu den Artisten, vun der Wirtschaft bis d’Gewerkschaften… tëscht der Fro “viru wat hutt der Angscht?” an engem deels lächerléchen Angschtmaachen (z.B. vun der ABBL). Mee emmerhin sëtzen Déi Gréng elo en engem Boot mam Robert Goebbels, de se virun 20 Joer fir säin 700.000-Awunnnerstaat attakéiert hunn, ausser dass elo vu 650.000-Aarbéchtplazestaat a vun 1,1 Mio-Awunnerstaat rieds geet. Den nohaltege Wee vum Schnéiball… geeschteg kënne mer äis gottseidank als Auswanderungsland bezeechnen.

    1. Hallo,
      ech menge schonn dass den “Nee” e groussen Afloss hat. Villäicht net onbedéngt iwwert d’Facebook-Säit selwer (laut TNS/Ilres Statistik hu sech just 11% iwwert d’Facebook-Säit vum Nee informéiert), mä de Fred Keup als Initiator vum Nee-Mouvement huet eng grouss Campagne gefouert, och ausserhalb vum Internet. Sou gouf hien an Talks-Shows an Face-à-Faceën invitéiert, an hie war vill uechtert d’Land ënnerwee, fir den “Nee” ze promouvéieren. Op jidde Fall hat e méi e groussen Afloss wéi d’CSV oder d’ADR.

      Merci fir de Kommentar,
      Claude

  2. HESSE Reiner

    Politikwëssenschaftlech as dem Keup seng Bewegung “Nee2015” en interessante Freilandversuch. Hien huet sëch an engen Lieserbréif, an och mëndlech, als “Volkstribun” géint intellektuell Eliten positionéiert:
    „ …ist symptomatisch für die intellektuelle Arroganz einer gewissen Schicht von Leuten in Luxemburg. Diese Leute beanspruchen die Meinungshoheit und erklären uns die Welt“.

    Wann et elo dozou kënnt, dat aus der Nee-Plattform eng Partei géif gin, da kann een nokucken wéi soll de Problem mat der Beherrschung vum Apparat ouni intellektuell Eliten geléist gin.

    Dem A.Barthel sein Statement as iwweraus interessant well doraus hätt en och kënnen eng Referendumsfro machen: Sid dir fir d’Iddi de Wuestum ze begrenzen mat der duebler Konsequenz vu manner Wuelstand a manner Migratioun ?

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *