Mandatsbegrenzung – Eng Beräicherung fir Lëtzebuerg?

Am gesamten Debat ëm de Referendum vum 7te Juni kënnt déi drëtt Fro iwwert d’Mandatsbegrenzung oft ze kuerz. Souwuel an de Medie wéi och op den Informatiounsowenter ass oft net d’Zäit fir adequat doriwwer ze diskutéieren. Beim éischte Liese vun der Referendumsfro stëmme ville Leit der Iddi wuel zou, dass et net schlecht wier en neie Wand an d’Politik ze bréngen, a vill Leit géingen och instinktiv “Jo” wielen. Ma déi drëtt Fro ass awer net sou einfach, wéi se op den éischte Bléck erschéngt.

Et gëtt eng ganz Palett vun Argumenter geliwwert, wisou d’Begrenzung vun der Mandatsdauer eng gutt Iddi wier. Sou gëtt geschriwwen dass een doduerch neie Wand an d’Politik kéint bréngen an dass een domat jonk Politiker eng Chance géing ginn. Dass d’Chamber vun der Expertise géif profitéieren, wann e Minister no 10 Joer rëm zeréck an d’Parlament kënnt. Dass eng demokratesch Erneierung géing stattfannen. Mä ass dat wierklech sou? Oder géif et aner Mechanisme gi fir dësem “Freeze” op Regierungsebenen entgéint ze kommen an ass dat wierklech wënschenswäert?

Jean-Claude Juncker
De Jean-Claude Juncker war 29 Joer an der Regierung, bal 19 dovunner als Premier. Foto CC BY-NC-ND vum European Council.

D’Begrenzung vu Ministermandater ass eppes, wat engem parlamentaresche System wéi Lëtzebuerg friem ass. Et fënnt een eng Amtsbegrenzung meeschtens a presidentielle Systemer, wéi beispillsweis an den USA, wou dann allerdings och just d’Mandat vum President limitéiert ass. Weltwäit gëtt et kee vergläichbare parlamentaresche System, wou d’Mandater effektiv begrenzt sinn. Zu Lëtzebuerg wier et net méiglech gewiescht, just d’Mandat vum Premier-Minister ze begrenzen, well hie just e Minister wéi all aneren ass. Hien ass also e Minister primus inter pares. Verfassungsrechtlech gëtt et keen Ënnerscheed tëscht dem Premier an den aneren an duerfir ass d’Propose sou um Dësch, wéi mer se kennen.

“Approuvez-vous l’idée de limiter à dix ans la durée maximale pendant laquelle, de façon continue, une personne peut être member du Gouvernement?”

D’Fro, déi mir de 7te Juni presentéiert kréien, ass zwar déi kierzte Fro vun den dräi, déi am mannsten diskutéiertesten, mä duerfir net déi einfachste Fro. Et ass schwiereg voir onméiglech viraus ze soen, wat dat fir en Impakt op de politesche System vu Lëtzebuerg huet. Virun allem, well mer kee Referenzland hunn, wou mer eis kéinten ukucken an eventuell Konsequenze kéinten ofschätzen. Vill Froe bleiwen nämlech op bei dëser Fro: Wat mécht e Minister, wann en net méi an d’Regierung goen dierf? Geet e wierklech zeréck an d’Chamber a wa jo, wou läit dann do de “renouveau politique”, woufir dës Fro jo eigentlech gestalt gëtt? Oder geet de Minister dono mat engem gutt gefëllte Carnet an d’Privatwirtschaft? D’Beispill vum Luc Frieden weist jo däitlech, wéi séier dat goe kann. Wëlle mer sou eppes verhënneren, da brauche mer en wierklech gudden Deontologieskodex.

Mä och wann e Minister zeréck an d’Chamber geet, riskéiere mer do net, dass en d’politescht Geschehe weiderhin dominéiert? Kann ee wierklech vun enger politescher Erneierung schwätzen, wann d’Leit just de Stull fir 5 Joer wiesselen, éier se dann no enger Auszäit erëm Minister kënne ginn, an dat vir weider 10 Joer?

D’LSAP analyséiert de Problem an hirer Broschür a geet dovunner aus, dass de Walsystem zu Lëtzebuerg dozou féiert, dass Regierungsmembere joerzéngtelaang déi selwecht Funktioun ausüben. Dëst ass faktesch falsch, well bei de Wale gëtt e Parlament gewielt, a keng Regierung. Och wann eng gewësse Persoun vill Stëmme kritt huet, heescht dat nach laang net, dass se automatesch an d’Regierung kënnt, et gëtt do keen Automatismus. D’CSV argumentéiert géint d’Mandatsbegrenzung andeems se an hirer Broschür schreift, dat géif de Wieler bevormunden a säi Choix agrenzen. Och dat ass net ganz richteg, well och Leit, déi op kenger Lëscht stoungen, kënnen an d’Regierung kommen, wéi beispillsweis d’Martine Hansen (CSV) oder de Pierre Gramegna (DP). Dëst Argument ass net ganz logesch a widdersprécht sech och.

Déi richteg Analys, déi falsch Konsequenz

Ween also schlussendlech an d’Regierung kënnt, läit un de Parteien, déi an de Koalitiounsverhandlunge sëtzen. Mä och wann de Walsystem (dee bei wäitem net perfekt ass) schold sollt sinn, sou läit et trotzdem un de Parteien, jonk Leit op ze bauen a mat op d’Lëschten ze huelen. Et ass vläit eng richteg Analys, dass verschidde Regierungsmembere joerzéngtelaang déi selwecht Funktioun ausüben, mä als Konsequenz d’Mandatszäit ze limitéiere géif dëse Problem da léisen, ass einfach falsch. Domat gi just Symptomer bekämpft, a keng Ursaachen.

Welch Alternative géifen sech ubidden? Eng éischt Iddi wier et villäicht, d’Mandat vum Premier-Minister an déi vun den anere Ministeren ze trennen. Sou kéint een doriwwer diskutéieren, ob et sënnvoll wier, eng nei Mischform ze erschafen a just d’Mandat vum Premier ze limitéieren. Dëst wier weltwäit en Novum, misst also vu Verfassungsexperten a Juriste méi genau ënnert d’Lupp geholl ginn. Eng aner Méiglechkeet fir méi Erneierung ze suergen hunn d’Parteie selwer an der Hand. Vläit ass och déi éischt Referendumsfro fir d’Jugendwalrecht en essentielle Schrëtt an déi richteg Richtung. Duerch d’konsequent Opbaue vu jonke Leit a vläit och eng Begrenzung, déi d’Parteien sech dann an d’Statute schreiwen, kéinten dëse Problem léisen.

Aner Léisungsusätz

Déi lénk hu beispillsweis e Rotatiounssystem, wou hiert Deputéiert no enger gewësser Zäit ausgetosch ginn. Sou gëtt verhënnert, dass verschidde Politiker ëmmer um selwechte Stull sëtzen an d’politescht Geschehen dominéieren. Mä wa mer wech wëlle vun engem politesche System, bei deem Persounen dominéieren amplaz Inhalter, sou musse mer eis och un de Walsystem eruwoen. Mir mussen eis froen, ob de Panaschage nach zäitgeméiss ass, mir mussen d’Walbezierker hannerfroen, wéi och d’Auszielverfahren. Well wann eise Walsystem anescht wier, da kéime mer och op komplett aner Resultater. Et gi vill Usazpunkten, déi mer méi logesch erschénge wéi d’Begrenzung vun de Ministermandater.

Share on Facebook71Tweet about this on Twitter0Share on LinkedIn0Email this to someone

2 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *