De gréissten, enttäuschendsten Debat zu Lëtzebuerg

Am Virfeld vum Referendum gouf d’Diskussioun ëm solchen als “gréissten Debat” zu Lëtzebuerg ugekënnegt. En Debat iwwert e Referendum, deen groussen Impakt op Lëtzebuerg an d’Zukunft vum Land huet. En Debat, deen doriwwer entscheed ob mer bereet sinn, eist Wahlgesetz méi oppen an inklusiv ze gestalten, an eiser Demokratie méi Legitimatioun ze schenken. En Debat, ob mer eis Gesellschaft weider entwéckelen, oder ob mer de Status Quo als bescht Ziil vun der Integratioun a Matbestëmmung ugesinn.

Kuckt een sech allerdéngs den Debat un, ass een vun dësem “gréissten Debat, dee Lëtzebuerg je erliewt huet” séier enttäuscht. Genau ee Mount virum Referendum selwer geet dës Diskussioun réischt un, d’Parteien, d’Chamber an d’Regierung hunn Startschwiiregkeeten, während se déi Theme laang gemidden hu wéi e waarmt Eisen. Ier déi grouss Campagne lancéiert ginn ass, goufe monter Sondagen gemeet, obwuel nach guer net wierklech iwwert de Referendum diskutéiert ginn ass. Soubal d’Campagne da lancéiert ass, halen d’Sondagen da schonn op. Wéi sënnvoll dës Sondagen dann wierklech sinn, sief mol dohi gestallt.

IMG_20150515_093606
En trostlose Parteiewahlkampf iwwert déifgräifend Referendumsfroen. CC BY-SA 4.0 vum Claude Biver.

Dobäi wier et dach begréissenswäert gewiescht, wann déi ganz Campagne vun der Chamber sech iwwert eng méi laang Zäit ausgedehnt hätt. D’Froen, déi proposéiert ginn, beschäftegen sech nämlech genau mat der Identitéit vu Lëtzebuerg a sinn entscheedend fir d’weider Zukunft vum Land. Wéi gesi mer eis, wéi ass eis Gesellschaft? Wie gehéiert dozou, wie loosse mer mat decidéieren? Froen, déi zwar säit Joren (a Jorzéngten) indirekt ze spire waren, ginn direkt adresséiert. Fir de Leit ee Mount Zäit ze ginn, sech doriwwer ausräichend z’informéieren an ze diskutéieren, ass méi wéi fahrlässeg.

Dës Campagne, déi als gréissten Debat ugekënnegt gouf, mécht et engem schwéier net anzeschlofen. Langweileg Informatiounsowenter vun der Chamber, e Parteiewahlkampf wou déi eenzel Partei déi selwecht Panneauen benotzen wéi fir d’Chamber- an Europawahlen an dat, obwuel de Parteienaccord eng budgetär Limite vun 100.000€ virgesäit – also méi wéi fir d’Chamber- oder Europawahlen. Eng CSV déi am Prinzip averstanen ass den électorat ze vergréisseren, dëst awer aus oppositounstaktesche Grënn net wëll zouginn, mat engem net iwwerzeegten Claude Wiseler an der éischter Rei. Eng ADR, déi souwisou aus dem läschte Lach päift a sech net agestoe wëll, dass hir Positiounen géint déi populär Meenunge sinn an net vill Iwwerliewenschancen hunn, sou wéi bei der Reform vum Nationalitéitegesetz a beim Aféieren vun der double-nationalité 2008. Eng LSAP déi mat rout-wäiss-bloen Affichen, déi een sech vläit vum ADR erwaart hätt, probéiert de Patriot am Lëtzebuerger unzeschwätzen an eng gréng Partei, déi sech och net ze schued ass um rietse Bord fëschen ze goen. Mä och eng DP, déi op hir Affiche d’Ëmrësser vu Lëtzebuerg als Hannergrond mécht, enttäuscht do éischter. Dobäi gëtt et aus dem Ausland méi kreativ Ideeën, wéi een dat thematiséiere kéint.

Sechs Deputéiert beim Informatiounsowend zum Referendum. CC BY-ND 2.0 vun der Chambre des Députés.

Doduerch dass déi dräi Froen zäitgläich gestallt ginn, hëlt een den eenzelnen Froen och d’Méiglechkeet, wierklech debattéiert ze ginn. Momentan stinn nämlech d’Fro iwwert d’fakultatiivt Wahlrecht fir 16- a 17-järeger souwéi d’Fro iwwert d’Mandatsbegrenzung absolut am Schied vun der Diskussioun zum Awunnerwahlrecht. Wier et net méi schlau gewiescht dës dräi Froen getrennt ze behandelen an zu verschiddenen Terminer ofstëmmen ze loossen? Wier dat net méi kohärent, wa mer vu wierklecher partizipativer Demokratie schwätzen? Sinn déi zwou aner Froen éischter als “Gadget” unzegesinn, oder sinn d’Käschten fir wierklech partizipativ Demokratie ze héich fir d’Parteien? Doduerch dass déi dräi Froe gläichzäiteg gestallt ginn, lafe mer Gefor dass vill Leit “en bloc” wielen, also entweder 3x Jo oder 3x Nee, woubäi d’Fro iwwert d’Awunnerwahlrecht dominéiert. Dat ass alles op Käschte vun den aneren zwou Froen. Et besteet de Risiko do, dass aus dem Referendum e vote-sanction gemeet gëtt, wou d’Regierung ofgestroft gëtt, wat och verhënnert kéint ginn wann déi dräi Froen getrennt behandelt gi wären.

Och wann déi aktuell Regierung sech méi partizipativ Demokratie op de Fändel geschriwwen huet, sou ass dat nach net richteg ëmgesat ginn. Jorelang schleeft sech d’Diskussioun ëm déi nei Verfassung, déi vun der politescher Elite an der zoustänneger Chamberskommissioun diskutéiert gëtt. D’Iddi fir Bierger a Biergerinnen an dëse Prozess z’integréieren, wéi dat beispillsweis a Kanada de Fall war, goufen zu Lëtzebuerg gekonnt ignoréiert. Do ännert eng gutt gemengten Homepage och net vill. A wann sech aner Deeler vun der ziviler Bevëlkerung probéieren sech an d’Diskussioun konstruktiv anzebréngen, sou ginn se wéi de Forum séier an hirem Äifer gebremst. Et wieren genuch Méiglechkeete ginn, dësen Debat, dee guer net sou grouss ass wéi den Alex Bodry sech dat vläit gewënscht hätt, oppe fir jiddereen ze machen. Mä dës Geleegenheet gouff verpasst, e consultativen Referendum wou een “Jo” oder “Nee” wiele kann ass wäit ewech vu wierklech partizipativer Demokratie.

Dobäi ginn et nach vill aner wichteg Froen ze klären. Wéi wier et da mat engem Referendum iwwert d’Staatsform, wéi de Sven Clement richtegerweis firschléit. Oder wéi wier et mat enger Zilsetzung vu Lëtzebuerg, mat Kultur, mat Grondrechter? Virschléi kommen aus allen Ecken, vum Véronique Bruck, vum Joël Adami, oder vum Kënschtlerkollektiv Richtung 22. Et si vill Virschléi do, mä sou wierklech nolauschtere wëll keen. Wat wierklech partizipativ Demokratie bedeit, dat muss Lëtzebuerg nach léieren. Mä dat, wat mer elo erliewen, ass nach wäit dovunner ewech.

Dëse Blogpost gouf (modifizéiert) den 20. Mee als Lieserbréif am Luxemburger Wort publizéiert, deen een och online noliese kann.

Share on Facebook48Tweet about this on Twitter0Share on LinkedIn0Email this to someone

7 Comments

  1. Intressanten Artikel, allerdings sinn ech net wierklech averstanen mat der Ausso den Debat giff ze kuerz gefouert ginn. Et sinn awer nëmmem 3 Froen och wa vill dohannert stecht. Mir hunn och fir e ganze Walprogramm ze diskutéieren bei nationale Walen 1 Mount offiziell Kampagne vun de Parteien… Och goufen nawell di laescht Méint vun an an de Parteien d’Sujeten thématiséiert… Iwwregens war et och gewollt der Zivillgesellschaft Plaz an Zäit ze ginn fir sech zu Wuert ze mellen… allerdings huet sie mech zimlech enttäuscht… wou waren z.B. bis elo d’Gewerkschaften? Soss hues de awer mat Villem Recht wats de schreiws.
    Yves

    1. Hallo,
      nëmmen well et bei de Walen och ee Mount ass, heescht dat net automatesch dass et och gutt sou ass. Ech mengen dass dee Verglach och e bëssen hinkt, di mech schwéier dat ze vergläichen.
      Dass der Zivilgesellschaft Plaz an Zäit gelooss ginn ass steet jo elo awer am ganz krasse Kontrast zu deem, wat de Forum am Editorial geschriwwen huet. (Den Artikel ass uewe verlinkt)
      Claude

      1. Mir mussen do och net enger Meenung sinn :-) ech wëll awer och soen datt Campagnen net bëlleg sinn scho guer net wa se laang daueren… Och goufen dës 3 Themen schon an der Walcampagne 2013 thematiséiert, wann och net vun all Partei…

        1. Ech versti jo dass d’Parteien do déif an de Portemonnaie gräife (mussen), mä dat muss een dann a Kaf huele wann een sou e Referendum maache wëll. ;-)

  2. Patrick Kaell

    Zur Mandatslimitéierung vunn den Ministeren wollt ech nach Folgendes lass ginn:

    Ech mengen mir sinn eis eens dass d’Limitéirung vun 2 Mandatsperioden fir een Minister den absoluten Minimum duerstellt. Well déi éischte Kéier wou een Politiker gewielt gëtt konnt seng Aarbecht nach nët bewaert ginn. Duerfir ass et fir mech normal dass en nach eng 2. Kéier muss kënnen eremgewielt ginn.

    Et kéint een mengen daat wier verglaichbar mam amerikaneschen Präsident. Mee dozou muss ech Folgendes soen:

    Den Al Gore war 8 Joer laang ennert dem Bill Clinton Vizepräsident ann huet do Erfahrung gesammelt. Wéi den Clinton sech no 8 Joer net méi duerft fir d’Präsidentschaftswahlen opstellen, ass den Al Gore géint den Busch ugetrueden.

    Selwecht mam Hillary Clinton: Si war ennert dem Obama Aussenminister (mécht zwar elo eng Paus), mee si waert sech trotzdem fir déi nächst Präsidentschaftswahlen opstellen.

    Just fir ee Fall wéi den Xavier Bettel deen aus dem Stand Premier ginn ass ouni eng Kéier an der Regierung gewierscht ze sinn, waer et méiglech fir 2 Mandatsperioden als Premier ze schaffen. All Politiker déi Erfahrungen als Aussenminister oder Finanzminister gesammelt hunn, hunn dann e Problem.

    Also, bei 15 Joer hätt een kéinten diskutéieren, mee 10 Joer sinn VILL ze kuurz.

    1. Hallo,
      absolut déi drëtt Fro fannen ech och net ganz einfach, wéi ech och schonn am Kloertext ugedeit hat. Villäicht bloggen ech och nach doriwwer déi nächst Deeg. Dësen Blogpost war méi als meta-Diskussioun iwwert d’Diskussioun u sech geduecht.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *