“Wer wird Millionär” an d’lëtzebuerger Reaktioun

© wort.lu
© wort.lu

Wéi den 5. Mee um däitschen RTL dem Patrick Klein d’Fro nom Numm vum neie Premier vu Lëtzebuerg gestallt ginn ass, an hien déi falsch Äntwert ginn huet, stoungen déi sozial Medien op der Kopp. Jiddereen huet Fotoen vum Kandidat geshared an sech iwwert seng Onwëssenheet lëschteg gemeet. Dass déi wéinegst Leit a Lëtzebuerg d’Nimm vun de Staatschefe vun anere Länner aus Europa wëssen, ass net sou relevant. Wéi konnt den Patrick aus Köln net wëssen, dass eise Premier NET Trinckgeld heescht?

Mir Lëtzebuerger sinn an enger klenger Bull gefaangen, eist Häerz schléit méi séier wann op der Telé Lëtzebuerg just kuerz ugeschwat gëtt. Mir freeën eis, wann de Jean-Claude Juncker bei der Tagesschau ze gesinn ass, och wa mer guer net fir d’CSV gewielt hunn. Mir freeën eis, wann d’Schleck Bridder bei der Tour de France matfueren a gewannen, och wa mer Cyclissem eigentlech voll langweileg fannen. Et kéint een der Meenung sinn, dass Lëtzebuerger un enger Aart Minderwäertegkeetskomplex leiden: Mir mussen eis kleng geographesch Gréisst duerch en iwwerdriwwenen Nationalstolz wett maachen. Sief et wa Lëtzebuerg als Grënnungsland vun der EU ernimmt gëtt oder wann eise Jean-Claude als politesch Gréisst gehandhaabt gëtt, si mer houfreg drop Lëtzebuerger ze sinn.

Wou den Patrick Klein dann de Pech hat, dës Fro gestallt ze kréien, kënnen d’Lëtzebuerger et net gleewen. D’Absurditéit vun den aneren Nimm gëtt dem ganzen nach e komeschen Twist, d’ganzt Land laacht driwwer an zwar sou vill, dass souguer eis Grouss Medien iwwert dësen Event beriichte mussen: Souwuel beim Wort, bei RTL an och beim Essentiel fënnt een Artikelen doriwwer an d’sozial Medie platzen.

Kuerz virun den Europawahlen koumt dann vum Premier den intelligenten Schachzuch: En huet dem Patrick Klein iwwert Facebook e sympathesche Message geschéckt.

1557704_10202619729867594_563628766017875967_n

Eng DP, déi alleng schonn wéinst dem Projet de Loi 6670, der Reform vun de Studiebäihëllefen, staark an der Kritik steet, wäert vun sou enger PR Aktioun gutt profitéieren: De Premier gëtt sech sympathesch, volleksno, e beweist Humor. Dräi Wochen virun den Europawahlen ass dëst bestëmmt hëllefräich, a falls mer anstänneg Sondagen hätten, kéint een dat elo bestëmmt noweisen. Och wann dat an anere Länner sécher net geschitt wier, dass de Premierminister engem Kandidat aus enger Quizshow eng Privatnoriicht schreift, sou huet de Spindoctor vum Xavier Bettel hei wuel e gudde Schachzuch gemaach. Wat dat iwwert eis an eis Medien ausseet, ass eng aner Fro.

Share on Facebook84Tweet about this on Twitter0Share on LinkedIn0Email this to someone

2 Comments

  1. Gudd PR virun den Europawahlen: Jo. Hätt den Xavier Bettel daat do och ausserhalb vum aktuellen Kontext bruecht: Jo. Well wien vun him schons ( op eng immens leif an esou guer net agressiv) op der Strooss getuut, gewonk a geblenkt kruut well en vergiess hat d’Fahren auszemaachen, wees: deen as tatsächlech “esou”. An daat soen ech der elo als Staater an ausserdem Net DP Wieler. ;-)

  2. Ah, an dei Geschicht mat den Luuten as iwwregens och schon e puer Joer hier. Deen as privat mengen ech einfach en immens leiwen Mensch. Ma waat d’Europa PR betrefft sou fannen ech d’Plakater vun der DP esou richteg dernieft. Du wees net ob et sech em politesch Inhalter oder em eng Hugo Boss Reklamm handelt. Pénibel.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *