Kann ee vun enger “Gambia”-Koalitioun schwätzen?

Premier Conseil de Gouvernement
Déi aktuell Regierung vu Lëtzebuerg. Foto © SIP / Nicolas Bouvy

 

Mat der Vereedegung vum Xavier Bettel an den aneren 14 Ministeren an 3 Staatssekretären den 4. Dezember huet Lëtzebuerg offiziell eng nei Regierung. Säit dem Dag no de Wahlen, wou offiziell d’Iddi vun enger Dräierkoalitioun ausgeschwat gouf an déi verschidden Parteien openeen duer gaang sinn, gëtt dës Koalitioun tëscht DP, LSAP an déi gréng oft ënnert “Gambia“-Koalitioun zesummegefaasst. Gambia, well de Fändel vu Gambia Roud-Blo-Gréng ass. Dëst gouf relativ fréi vun der Presse opgeholl an och déi iwwert 5.000 “Likes” staark Page op Facebook huet dëse Numm an der politescher Landschaft vu Lëtzebuerg gebrandmarkt. Mä ass dat iwwerhaapt en Numm, deen op dës Regierung passt? Wëlle mer iwwerhaapt Gambia sinn?

Gambia – Wat ass dat iwwerhaapt?

CC BY-SA 3.0 by WikiMedia
CC BY-SA 3.0 by WikiMedia

Gambia ass dat klengst Land a Kontinentalafrika an grenzt un de Senegal. Fréier war et eng portugisesch Kolonie, duerno eng Kolonie vun Groussbritannien a säit 1965 ass Gambia onofhängeg. Am Oktober 2013 ass Gambia aus dem Commonwealth-Statenbund ausgetrueden. Ausser enger kuerzer Militärherrschaft am Joer 1994 ass d’politesch Situation am Gambia eigentlech relativ stabel. Gambia ass en aarmt Land, wou 38,9% vun de Kanner d’Primärschoul net ofschléissen, nëmmen d’Halschecht vun den Erwuessenen liesen a schreiwe kënnen [1], 33,6% vun de Leit mat manner wéi $1,25 am Dag auskomme mussen [2] an 48,4% vun de Leit an Armut liewen. [3] Gambia huet e relativ schlechten Human Development Index an ass weltwäit op Platz 165 (vun 186) a fällt domat an d’Kategorie Low Human Development.

Demokratie a Mënscherechter am Gambia

Den Yahya Jammeh, den aktuelle Präsident vu Gambia, ass säit dem Militärputsch vun 1994 un der Muecht. 1996 gouf hien als President gewielt, mä dës Wahlen goufen net als fräi a fair bewäert. 2001, 2006 an 2011 gouf den Jammeh ëmmer rëm als President bestätegt, mä och dës Wahlen waren net fräi an fair. [4] Konkret gëtt dem Yahya Jammeh virgeworf, d’Oppositioun anzeschüchteren an zeréck ze drängen. Sou huet en schonn 2006 gesot: ”I will develop the areas that vote for me, but if you don’t vote for me, don’t expect anything.’‘ (Ech wäert déi Deeler vum Land entwéckelen, déi fir mech wielen. Mä wann dir net fir mech wielt, erwaart iech näischt.) [5] D’Problemer am Gambia sinn déifgräifend: Freedomhouse klasséiert Gambia als “Not Free” an vergëtt déi 2t schlechtst Bewäertung vun 6.0 fir Freedom Rating, Civil Liberties an Political Rights. [6] Sou ass d’ëffentlech Versammlungsrecht zwar an der Verfassung festgehal, d’Realitéit gesäit allerdings anescht aus: Repressiounen an Aschüchterungen stinn op der Dagesuerdnung. Och Korruptioun ass e grousse Problem am Gambia. Transparency International ranked Gambia duerfir am Corruption Perception Index 2013 op Platz 127. [7]

Yahya Jammeh bei der UN. Foto © Reuters
Yahya Jammeh bei der UN. Foto © Reuters

A Saachen Mënscherechter ass et am Gambia och problematesch. 2009 goufen iwwert 1000 Leit wéinst Hexerei verfollegt. [8] Och Female genital mutilation (FGM), also d’Zerstümmele vu weibleche Genitalien, ass legal a gëtt praktizéiert. LGBTQ Leit liewe geféierlech am Gambia: 2008 huet den Jammeh dëse Leit en Ultimatum gesat, d’Land ze verloossen, soss géif hinnen den Doud droen. [9] Ufank 2012 gouf LGBTQ Leit gedroht, hinne géif de Kapp ofgeschlo ginn. [10] Spéider am selwechte Joer gouffen 15 Männer wéngst “Verdacht op Homosexualitéit” verhaft. [11] Virun zwee Méint ass den Jammeh mat weideren hetzerechen Commentairen opgefall, wou hien gesot huet: “Those who promote homosexuality want to put an end to human existence” (Déi wou Homosexualitéit ënnerstëtzen a förderen wëllen d’mënschlech Existenz beenden). [12] Dass den Yahya Jammeh net nëmmen eidel Droungen mécht, huet en mat der Exekutioun vun 9 Gefaangen bewisen, déi net ugekënnegt a séier duerchgefouert goufen. [13]

Konsequenzen fir Lëtzebuerg?

Déi nei Regierung zu Lëtzebuerg huet e politesche Wiessel mat sech bruecht, déi nei Koalitioun ass eng Neiheet fir d’Politik zu Lëtzebuerg an deementspriechend gëtt och doriwwer bericht: Extensiv an detailléiert. Dës Berichterstattung ass gutt a wichteg. Mä an engem Land, wat an all de Rankings gutt ofschneid((Human Development Index: Rang 26; Freedom House: 1,0; Corruption Perceptions Index 2013: Rang 11)), wou doriwwer schwätzt, fir Bestietnis an Adoptioun fir gläichgeschlechtlech Koppelen fräi ze ginn, an engem Land, wat sech Demokratie an Meenungsfräiheet grouss op de Fändel schreiwe wëll, ass sou en Numm fir dës Koalitioun net mat eisen Grondwäerter vereinbar. Et ass relativ egal, ween mam Begrëff ugefaang huet a weem seng Iddi et war, well et war sécher kee schlechte Wëllen dobäi, mä de Nogoût ass batter. Et sollt een sech konstruktiv Gedanken iwwert e besseren Numm maachen. D’Fro, wisou eng Koalitioun iwwerhaapt no engem Land a sengem Fändel benannt muss ginn, huet sech an Däitschland bei der “Jamaika-Koalitioun” scho gestallt. Dobäi ginn et vill Alternativen zu dësem Numm: Dräierkoalitioun, Roud-Blo-Gréng-Koalitioun, RGB-Koalitioun. Oder wéi wier et mat “Regierung”? Et kéint een sech natierlech och traditionell op “Bettel-Schneider”-Regierung eenegen, woubäi dat wuel net ganz fair de gréngen géigeniwwer wier. Mä besser wéi Gambia-Koalitioun wier et op alle Fall.

Share on Facebook53Tweet about this on Twitter0Share on LinkedIn0Email this to someone
  1. UNDP: Human Development Index – Gambia; Online: http://hdrstats.undp.org/en/countries/profiles/GMB.html []
  2. UNDP: MPI: Population living below $1.25 PPP per day (%); Online: http://hdrstats.undp.org/en/indicators/38906.html []
  3. World Bank: Gambia; Online: http://data.worldbank.org/country/gambia#cp_wdi []
  4. BBC News: Gambia: Ecowas observers boycott ‘unfair poll’; Online: http://www.bbc.co.uk/news/world-africa-15851706 []
  5. The New York Times: World Briefing | Africa: Gambia: Leader Vows To Rule For Next 40 Years; Online: http://query.nytimes.com/gst/fullpage.html?res=9B00EEDF1E31F931A1575AC0A9609C8B63 []
  6. Freedom House: Freedom in the World 2013 – Gambia; Online: http://www.freedomhouse.org/report/freedom-world/2013/gambia []
  7. Transparency International: Corruption Perception Index 2013; Online: http://cpi.transparency.org/cpi2013/results/ []
  8. The Guardian: Gambian state kidnaps 1,000 villagers in mass purge of ‘witchcraft’; Online: http://www.theguardian.com/world/2009/mar/19/gambia-witchcraft-hallucinogenics []
  9. BBC News: Gambia gay death threat condemned; Online: http://news.bbc.co.uk/2/hi/africa/7416536.stm []
  10. News24: Gambia president will cut off gay’s head; Online: http://www.news24.com/Africa/News/Gambia-president-will-cut-off-gays-head-20120214 []
  11. News24: Gambia cops arrest 15 ‘gay’ men; Online: http://www.news24.com/Africa/News/Gambia-cops-arrest-15-gay-men-20120410 []
  12. Reuters: Gambian president says gays a threat to human existence; Online: http://www.reuters.com/article/2013/09/27/us-un-assembly-gays-idUSBRE98Q19K20130927 []
  13. Amnesty International: Annual Report: Gambia 2013; Online: http://www.amnestyusa.org/research/reports/annual-report-gambia-2013?page=show []

1 Comment

  1. Eng super Seit, gudd gemach, do hun ech ké Schein dergeint….

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *