Netzpolitik – en Tabu zu Lëtzebuerg?

Foto network cables (CC BY-ND-NC 2.0) by Pascal Charest
Foto network cables (CC BY-ND-NC 2.0) by Pascal Charest

 

Ech si rosen. Net, well d’NSA sech iwwert d’Grondfräiheeten vum Bierger ewechsetzt an eng totalitär Iwwerwaachung agefouert huet. Net, well de SREL (anscheinend) mat der NSA kooperéiert a sech soumat alt erëm u kriminellen Aktivitéiten bedeelegt huet. An och net, well mer mat der Kameraiwwerwaachung an der Vorratsdatenspeicherung ëmmer méi an eiser Fräiheet ageschränkt ginn. Nee. Ech si rosen iwwert den Niveau vun der Debatt ëm d’Netzpolitik zu Lëtzebuerg. Eng Debatt, déi just an exklusiven Kreesser stattfënnt. Eng Debatt, déi de Gros vun der Populatioun net interesséiert. Eng Debatt, déi de Lëtzebuerger net wichteg genuch schéngt. Well: “Hu mer da soss keng Problemer?”™


Netzpolitik: En net-existenten Diskurs

Wann et ëm Netzpolitik geet, ginn et a Lëtzebuerg zwou ënnerschiddlech Reaktiounen. Déi eng ass komplett Indifferenz, well dat sech anscheinend just am Internet ofspillt, engem “rechtsfräie” Raum, dat jo och just d’Nerds betrëfft an interesséiert. An d’Piraten, mä dat sinn jo och nëmmen Nerds a Computerfreaks. Déi zweet méiglech Reaktioun ass eng ofwierend Reaktioun: “Ech hunn jo näischt ze verstoppen.” Oder: “Kameraiwwerwaachung ass okay, well dat verhënnert jo Verbriechen.” Dass dat net stëmmt, gëtt dann einfach ignoréiert. D’Problematik ëm d’Netzpolitik ass nach net zu Lëtzebuerg ukomm. A wann, dann mengen d’Leit, dass Netzpolitik sech ausschliisslech mat “Transparenz” ëmschreiwe léisst. Vun Urheberrecht, vun Cyberwars, vun Datenschutz, vun Iwwerwaachung gëtt net geschwat. Och d’Meenungsfräiheet an de Schutz vu Whistleblower ass zu Lëtzebuerg keng Prioritéit. Et gouf och verpasst, Netzneutralitéit gesetzlech ze verankeren. Ech si rosen.

Anescht ass et an Däitschland. Hei gëtt vill iwwert Netzpolitik diskutéiert, an d’Parteien hu souguer speziell Aarbechtsgruppen op deem Thema. Am Europaparlament sinn et MEPs wéi den Jan-Philipp Albrecht (Bündnis 90/Die Grünen) oder d’Amelia Andersdotter (Piratepartie), déi sech intensiv mat deem Thema beschäftegen. Diskussiounen ëm Netzneutralitéit, ëm Privatsphär, ëm Post-Privacy sinn net nëmmen an Blogs, Twitter an op Facebook vertrueden, mä den Diskurs ass och an de groussen Medien ukomm. Och am däitsche Bundestag ass en eegenen Ausschuss “Internet und digitale Gesellschaft” geplangt, den sech konkret mam Thema auserneen setzen. D’Diskussioun ëm en zouent Internet gëtt och an Däitschland grouss diskutéiert a kritiséiert. Souguer iwwert e  Internet-Ministère gëtt gefuerdert. An dat, obwuel Internet jo anscheinend fir d’Politik “Neuland” ass.

Weeër aus der Kris?

Wann an Däitschland Internet “Neuland” ass, da liewen mir nach ëmmer an der Steenzäit. Als Reaktioun zu den ACTA-Protester virun engem Joer huet den Wirtschaftsminister Etienne Schneider d’Leit wollte berouegen andeem hie sot, dass zu Lëtzebuerg d’Schwaarz Eroflueden weiderhin legal wier. Dass hien domat komplett laanscht d’Thema gefacht huet an souguer de Géigendeel vum ACTA Accord versprach huet, schéngt net weider opgefall ze sinn. Och d’Freedom Not Fear Demonstratioun, wéi all Joer am September stattfënnt, interesséiert d’Politiker wéineg. De medialen Diskurs ass sou gutt wéi net vertrueden, och wann e puer Ausnahmen, besonnesch d’Lëtzebuerger Land, d’Hoffnung ëmmer rëm retten. Ech si rosen.

Mir brauchen dringend e Paradigmewiessel. Lëtzebuerg muss sech bewosst ginn, wéi wichteg Netzpolitik ass. Well Netzpolitik betrëfft net nëmmen e puer Freaks, Netzpolitik betrëfft eis all. Déi rezent NSA Enthüllungen vum Edward Snoweden hunn dat bewisen. ACTA huet dat bewisen. Mir mussen eis endlech méi mat der Thematik auserneen setzen. D’Medien mussen sech méi intensiv domatt beschäftegen an d’Leit méi opklären. Mir mussen kloer Positiounen erschaffen an och déi nei Dräierkoalitioun muss sech kloer positionéieren. Mä et geet net duer, Netzpolitik an e Gesetz dran ze schreiwen an dann maachen, wéi wann et domat gedoe wier. Mir brauchen e richtegen Debat, richteg Netzneutralitéit, a keng Pseudo-Léisungen! Wann mer Loscht op muer hunn, Verantwortung wëllen iwwerhuelen a besser Léisungen fir eist Land wëlle parat hunn, da kënne mir net méi ewechkucken. Mir brauchen Netzpolitik, an zwar elo!

Share on Facebook96Tweet about this on Twitter0Share on LinkedIn0Email this to someone

5 Comments

  1. Ech mengen de Problem mat de Lëtzeburger läit méi déif. Alles wat méi Dènkes erfuerdert wéi “Frieden, Freude, Eierkuchen ” könnt iwwerhaapt nöt un, göt iwwerhaapt nöt zur Kenntnis geholl, geschweigs dass doriwwer méi wéi e Microméter déif doriwwer diskutéiert göt.
    Hei zu Lëtzeburg göt iwwerhaapt néischt öffentlech, kontrovers, diskutéiert. Hei göt nömme gegléewt, an dat op héigem Nivo.

    1. Hallo, Merci fir de Feedback.

      Ech mengen déi Diskussiounskultur zu Lëtzebuerg ass just bis e gewësse Grad ausgebaut. Soubal et ze inhaltlech gëtt, blockt “den Lëtzebuerger” séier of. Policies, Inhalter, sinn net sou interessant. Politics, also d’Rahmebedingungen an d’Leit, d’Politiker als Mënschen si fir d’Leit vill méi interessant.

      An de Medien hunn ech d’Impressioun, dass et mol sou, mol sou ass. Engersäits hunn Medien bei der Opklärung vum SREL Skandal eng gutt Aarbecht geleescht, an anerersäits kommen verschidden Debatten net wierklech op. D’Leit hunn sech beim SREL zB dofir interesséiert bis e gewësse Punkt, wou et vläicht ze komplizéiert an oniwwersiichtlech ginn ass, an dann klinken déi meescht sech aus.

      Ech mengen schonn, dass vill diskutéiert gëtt, mä just op verschidden Themen. zB de Roude Léif Fändel gouf vill debattéiert, oder aner Saachen wéi Auslännerwalrecht beweegt d’Leit. Mä dat begrenzt sech just op puer Themen. Netzpolitik ass definitiv keen vun dësen Themen. Leider.

      Claude

  2. Majo, wann dann bis een dem Bettel sain handy ofgelauschtert huet get et vlait zum Thema ;)

    1. Déi Fro gouf jo schonn eng Kéier gestallt, an do gouf gesot, dass e verschlësselten Handy d’Léisung wier. Ech si skeptesch.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *