Geheimdéngschter: Sécherheet nei iwwerdenken?

© Carlo Schneider
© Carlo Schneider

Knapps ee Joer nodeems RTL bericht huet, dass den Jean-Claude Juncker vum Marco Mille mat enger Auer ofgelauschtert ginn ass, ass de kompletten Dysfunktionnement beim lëtzebuerger Geheimdéngscht nach ëmmer net komplett opgeschafft. Skandaler, déi am Juli 2013 zum Koalitiounsbroch an doduerch zu Neiwahlen gefouert hunn, sinn zwar duerch d’Kontrollkommissioun an der Chamber opgeschafft an am Rapport festgehale ginn, mä den internationalen Rôle vum Service de Renseignement de l’État (SREL) ass nach ëmmer net ganz kloer. Rezent Entwécklungen am Fall vun der NSA an hirem Oflauschterskandal vun der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel an PRISM, Tempora an XKeyScore weisen, dass et  onméiglech ass, en Geheimdéngscht ze kontrolléieren. Wéi dann viru puer Deeg mat der Verëffentlechung vu Snowden Dokumenter bekannt ginn ass, dass och de SREL mat der NSA kooperéiert huet, sollt d’Debatt eigentlech och zu Lëtzebuerg ukomm sinn. An dach gouf dëst Thema am Wahlkampf knapps bis guer net thematiséiert an och no de Wahlen kritt dës Thematik net déi Opmierksamkeet, déi se eigentlech verdéngt.

Geheimdéngschter – Wisou hu mer se iwwerhaapt?

Geheimdéngschter waren a sinn eng wichteg militäresch Instanz fir d’national Sécherheet. Schonn am Zweete Weltkrich war d’Knacke vun der Enigma-Verschlësselung kruzial fir d’Victoire vun den Alliéierten. Mä och zur Zäit vum Kale Krich, wou mat den USA an der UdSSR sech zwou Groussmuechte géigeniwwer stoungen, gëtt an der Politikwëssenschaft oft argumentéiert, dass den internationale System besonnesch stabil war. Keng Natioun oder Allianz war staark genuch, fir déi aner komplett ze dominéieren an d’Fronten waren (plus minus) kloer a festgefruer: Ost géint West. Geheimdéngschter haten d’Aufgab, militäresch Aktiounen vum Géigner virauszegesinn an ze verhënneren. Am kale Krich, wou de Géigner an seng Strukturen kloer definéiert waren, war dat relativ einfach an och déi wichteg Akteure waren eigentlech bekannt. Mä trotzdem war, sou géifen verschidden Politologen argumentéieren, déi national Sécherheet sécher gestallt, well d’Angscht virun engem Nuklearschlag vum Géigner ze grouss war an déi eigentlech Konfrontatioun tëscht dësen zwee “Superpowers” an Stellvertreter-Kricher wéi zB am Vietnam, Korea oder an Angola ausgedroe goufen.

Zwee wichteg Evenementer hunn de Fonctionnement an d’Rôle vum Geheimdéngscht radikal verännert: Éischtens den Zerfall vun der UdSSR, no deem d’Geheimdéngschter vun den USA net méi mat enger grousser Muecht konfrontéiert waren. Ënnert dësem Wandel huet och d’NATO, déi ursprénglech als militärescht Géigegewiicht zur UdSSR gegrënnt gouf, gelidden: Hir ursprénglechen Existenzgrondlag war net méi do an si hunn sech missten nei orientéieren. D’Geheimdéngschter hunn weider operéiert, deelweis och a frieme Länner, an hunn gréisstendeels weiderhin am Modus vum Kale Krich fonctionnéiert: Si hunn sech klassesch Kricher tëscht Natiounen erwaart. Dat zweet wichtegt Evenement an der Geschicht war 9/11, wou de gesamte Fokus vun de Geheimdéngschter an vun der Sécherheetspolitik an eng aner Richtung geshift gouf an zwar op den Internationalen Terrorismus.

Internationalen Terrorismus als nei Bedrohung

Säit 9/11 läit den Haaptfokus vun Geheimdéngschter bei internationalen Terrororganisatiounen. Anescht wéi den Terrorismus aus den 70er Joren an Däitschland (RAF) oder am Baskeland (ETA), wou d’Terroristen zwar international Verbindungen haten an deelweis a Palästina trainéiert goufen, mä nëmmen lokal aktiv waren, stellt sech haut de Problem, dass d’Terroristen net nëmmen an engem Land aktiv sinn, mä länneriwwergräifend verknäppt sinn. Et handelt sech och net méi ëm e klassesche Krich tëschent zwee Staaten, wou eis d’Strukturen kloer a bewosst sinn, mä ëm e Krich géint Organisatiounen, wou d’Fronten net genau gekläert sinn. Déi intern Strukturen vun dësen Organisatiounen sinn net ganz kloer an vu dass hier militäresch Kapazitéiten geréng sinn, fënnt dëse Krich net oppen statt. Kuerz: Terroristen hunn keen “eegent” Land, wou si alleng d’Regierung bilden, keng richteg Arméi per se, keng Atomwaff. Si sinn a ville Länner verspreet, kleng organiséiert (verschidden Terroristen hu mol keen Handy) an hu limitéiert Kapazitéiten, souwuel vun der Zuel vun de Kämpfer hier, wéi och vun de Waffen. Virun 9/11 war den amerikaneschen Geheimdéngscht net dorop agestallt an et gouf vill Problemer an der Kommunikatioun.

International Terrororganisatiounen wéi Al-Qaeda hunn verschidden finanziell Sourcen wéi zB den Drogenhandel a -schmuggel. Se hunn Verbindungen an vill Länner an operéieren iwwert Kontinenter ewech. Et gëtt keng “Schaltzentral” méi, wéi dat am Kale Krich nach de Fall war. Fir all déi verschidden Strukturen opzeklären, mussen d’Geheimdéngschter anescht funktionéieren: Et ass vill méi schwéier ginn un Informatiounen ze kommen, déi eenzel Terror-Kreesser sinn zou an sou organiséiert, dass déi eenzel Zellen net iwwert “the big picture” informéiert ginn, mä meeschtens just eenzel Aufgaben kréien. Och wann Geheimdéngschter een oder puer Terroristen fänken an déi dann alles soe, wat se wëssen, geet dat meeschtens net duer fir de grousse Plang erauszefannen. Immens wichteg fir d’Organisatioun vun dësen Terror-Netzwierker ass och déi rapid Expansioun vun sozialen Reseauen an Handyen, déi et méiglech maachen ëmmer an iwwerall a Kontakt ze trieden an an der Mass ënnerzegoen. Vu dass dës Organisatiounen also net zentral geregelt an vill iwwert Handye oder sozial Reseauen organiséiert ginn, mussen sech d’Geheimdéngschter och dorop ëmstellen.

Total Iwwerwaachung?

Fir dës Terrororganisatiounen ze erkennen, hier Struktur an Organisatioun oppen ze leeën, mussen Informatiounen anescht beschaf ginn: Déi sozial Medien wéi Twitter, Facebook, Google+ asw ginn systematesch iwwerwaacht an ausgewäert. Dofir ginn d’Daten vun ALL de Leit gesammelt an no engem gewëssen System analyséiert, fir terroristesch Verbindungen ze entdecken. Dat Ganzt kann een sech ähnlech wéi bei der US-Serie “Person of Interest” virstellen, wou e groussen Computersystem sech d’Daten all ukuckt an terroristesch Uschléi mirakuléis virausseet. An der Realitéit ass dat natierlech bëssen anescht wéi an der Serie an den Edward Snowden huet dës Praktiken der Ëffentlechkeet zougänglech gemeet. D’NSA iwwerwaacht Daten nämlech ganz geziilt: Telefonsgespréicher, Facebook, LinkedIn, E-Mails oder Skype Telefonater ginn opgezeechent an duerno ausgewäert. Duerfir dierf d’NSA “three hops”, also dräi Spréng vum Benotzer Date sammelen: Dat sinn also Leit, déi mat Leit schwätzen, déi mat Leit schwätzen, déi mat mir schwätzen. (E bëssen konfus, mä wann een sech dat mol duerch de Kapp goe léisst, da geet et) Bei engem Duerchschnëttsbenotzer, deen 190 Frënn op Facebook huet, sinn dat nom 3te Sprong dann 5 072 916 Leit.

Dës Daten ginn dann zesumme gesat fir e grousst Profil vu jidderengem ze generéieren. Dëst Profil fänkt u beim Numm, Gebuertsdatum, Ausbildung, Aarbecht, Paie, a geet bis zu Informatiounen wéi Verméigen, Liebesbeziehung, Online-Shop History, Telefonater,  op welche Säiten ee surft, mat weem een SMSen schreift, asw. Et gëtt e genaut Profil vum Mënsch erstallt fir ze erkennen, ween hien ass a wat hie mécht, mä och wou e geet: Mat Hëllef vun GPS Signaler kann d’NSA nämlech rausfannen, wou ee sech grad ophält. Wéi dat an der Realitéit ausgesäit, ass ganz einfach: Den däitschen Politiker Malte Spitz (Bündnis 90/Die Grünen) huet bei der Telekom dës Daten ageklot an a Verbindung mat ëffentlechen Daten wéi Twitter oder séngem Blog en digitalt Profil erstallt. Dëst weist wéi vill ee mat verhältnisméisseg wéineg Daten maache kann. An d’NSA huet Zougang zu nach vill méi Daten wéi de Malte Spitz a sengem Experiment.

Privatsphäre vs Sécherheet

Wat op den éischte Bléck villäicht nach iergendwéi z’erklären ass mam Argument, dass dat Ganzt jo awer dozou déngt, fir Uschléi an Terror ze verhënneren, gëtt awer séier relativéiert. Während d’NSA behaapt, dass déi ganz Iwwerwaachung vill Uschléi verhënnert huet, gouf dëst onofhängeg iwwerpréift. Erstaunlecherweis ass dobäi rauskomm, dass vun den 54 angeblech vereitelten Terroruschléi déi ënnersicht goufen, nëmmen fir 4 Beweiser fonnt gi sinn. An anere Wieder: A 50 vu 54 Fäll ass et net erwisen, dass déi total Iwwerwaachung iergendeen Resultat bruecht huet. Des weideren ass eng total Iwwerwaachung eng grouss Aschneidung an déi perséinlech Rechter a Fräiheeten vun all Bierger a Biergerin: Jiddereen gëtt vun fir eran verdächtegt, ouni eppes gemaach ze hunn. Privatsphär ass e Recht vun all Mënsch an de Staat an och Entreprisen hunn dat ze respektéieren. Wann ech e Bréif ofschécken, vertrauen ech och der Post, dass si dëse Bréif net opmaachen an der Regierung ginn. Wann ech telefonéieren, vertrauen ech mengem Anbieter och, dass si mech net oflauschteren an d’Daten der Regierung weiderginn. An awer geschitt genau dat, andeems Entreprisen Deals mat der NSA geschloss hunn an hinnen direkten Accès op d’Date ginn hunn.

D’Argument, “Ech hunn jo awer näischt ze verstoppen” ass och net ganz richteg. Jiddereen huet Informatiounen, déi privat sinn a solle bleiwen. Jiddereen huet intim Beziehungen zu anere Persounen, déi nëmmen déi Persounen en question eppes uginn, sief et Liebes- oder sexuell Beziehungen, sief et en Telefonat mam Dokter oder mam Gynekolog: Dës Informatiounen gehéieren a keng Datenbank an och net an aner Hänn wéi vun deenen Persounen, déi et direkt betrëfft. De Staat huet e limitéierten Pouvoir an dierf net fräi iwwert dës Daten verfügen. Wa Leit bis iwwerwaacht ginn fänken se un, hiert Verhalen unzepassen an hier Meenung net méi fräi ze äusseren, a wou dat hiféiert, wësse mer jo aus 1984 vum George Orwell. Mä et geet méi wäit wéi dat. Mat der Iwwerwaachung vum Handy vum Angela Merkel oder vun aneren internationalen Spëtzepolitiker sinn d’Grenzen vun der Privatsphär wäit iwwerschratt an et entstinn diplomatesch Konflikter. Länner déi eigentlech alliéiert sinn wéi Däitschland, USA an England falen rëm an e Muster vun Mësstrauen an Angscht zeréck. Vertrauen, wat iwwert déi läscht Jorzéngten mat Verträg, gemeinsamen humanitären Missiounen, gemeinsamem Handel an enger gemeinsamer Politik gewonne sollt sinn, drot ze zerbriechen. D’USA funkt de Länner, déi se sou iwwerwaachen, an hier Souveränitéit eran.

Wéi geet et weider a wat kann ech maachen?

D’Zukunft an dëser Affär ass méi wéi ongewëss. Duerch d’Verëffentlechungen vum Edward Snowden sinn déi illegal Machenschaften vun der NSA un d’Dagesliicht komm, mä et ass schwéier eng Léisung ze fannen. Politesch wéi diplomatesch bleift dës Affär also spannend an voller Tensiounen. Als Privatpersoun kann een ufänken, seng Daten an Iwwerdroungen ze verschlësselen, mä och dëst ass keng ultimativ Léisung an net sécher: D’NSA an den britesche Geheimdéngscht GCHQ kënnen dës Verschlësselungen nämlech knacken an ëmgoen. Den Edward Snowden huet an engem Interview gesot, dass d’NSA déi meescht Systemer knacke kann, mä dass et nach e puer ginn, déi sécher sinn. Verschlëssele lount sech also, wann een et richteg mécht. En éischte Schrëtt ass beispillsweis, seng E-Mails mat PGP ze verschlësselen, während een an engem zweete Schrëtt mat TOR anonym surfe kann.

Mä och d’Politik ass gefrot fir eng diplomatesch Léisug ze fannen a fir schlussendlech d’Aktivitéiten vu Geheimdéngschter anzeschränken. Donieft mussen alternativ Methoden entwéckelt ginn, fir Terror ze entdecken an ze verhënneren. Den Snowden wollt mat senger Verëffentlechung en Debat lancéieren, deen elo och (am Ausland) stattfënnt. Dës Debatte ass wichteg fir eis Fräiheet a fir eis Rechter an se muss och zu Konsequenzen féieren. Et ass wichteg festzehalen, dass net bei den Amerikaner déi komplett “Schold” läit, mä dass d’Geheimdéngschter iwwerall an der Welt iwwert hir Kompetenzen hinaus zesummegeschafft hunn. Duerfir muss déi Debatt op engem internationalem Level gefouert ginn. Eng Debatt, aus där et just eng Léisung gëtt: E gemeinsamen, internationalen Vertrag, wou jidderee matmécht a seng Geheimdéngschtstrukturen ofbaut a limitéiert. Et dierf net de paradoxe Géigendeel geschéien, dass Europa an/oder eenzel Länner elo hier Geheimdéngschter opstocken, fir Spionage ze verhënneren. Och dierf Europa net en eegenen Geheimdéngscht kréien, wéi d’Viviane Reding (CSV) dat fuerdert. Dës Diskussiounen sinn allerdéngs nach net zu Lëtzebuerg ukomm, eis Politiker interesséieren sech (nach?) net fir dës Thematik, an dat obwuel de SREL, eise Geheimdéngscht, der NSA Daten iwwerginn huet an hinne gehollef huet. Och hei muss weiderhin gekuckt ginn wéi de SREL fonctionnéiert an och schaarf kontrolléiert ginn. Well e Geheimdéngscht, deen aus dem Rudder leeft, hate mer réischt viru kuerzem.

Note: Dësen Artikel huet keen Usproch drop, komplett ze sinn. Verschidden Aspekter wéi den ökonomeschen Volet goufe gewollt wechgelooss, fir den Artikel net ze sprengen. Verbesserungen an Ergänzungen sinn an de Kommentaren wëllkomm!

Share on Facebook41Tweet about this on Twitter0Share on LinkedIn0Email this to someone

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *