Wisou eng Dräierkoalitioun legitim ass

3er Koalitioun: Mat Ach und Krach zesummegefléckt?
3er Koalitioun: Mat Ach und Krach zesummegefléckt? © Gambia Koalitioun Lëtzebuerg

(Disclaimer: Ech hunn mat der Facebook-Säit “Gambia Koalitioun Lëtzebuerg” näischt ze dinn, ech hunn just nogefrot ob ech d’Coverfoto fir de Blogpost notze kéint)

Eigentlech wollt ech mech net zum Thema Dräierkoalitioun äusseren. An ech maachen et awer, well ech gesinn, dass deelweis polemesch an verzweiwelt argumentéiert gëtt. Ech probéieren op déi gängeg Commentairen anzegoen an se ze widderleeën.

Dass d’CSV net an der Regierung ass, ass géint de Wielerwëllen!

Wann den 20. Oktober um Stëmmziedel gestan hätt: “D’CSV muss an d’Regierung, Jo oder Nee” an eng Majoritéit vun de Leit hätt mat “Jo” ofgestëmmt, wier dat effektiv de Fall. Dann wier eng Rout-Blo-Gréng Koalitioun [1] absolut géint de Wielerwëllen. Mä wat ass “Den Wielerwëllen” dann iwwerhaapt? Ech fannen et enorm schwéier, dat genau ze definéieren, besonnesch an engem Wahlsystem wou ee panaschéieren kann. Et ginn nämlech ëmmer manner Lëschte gewielt, den Trend ass säit 1979 ofhuelend, während tëscht de Parteien ëmmer méi panaschéiert gëtt. [2] Dat bedeit also dass d’Stëmmen tëscht de Parteien opgedeelt ginn an dass sou déi meescht Leit keng eenheetlech Meenung hunn, mä verschidde Stréimungen a Parteien ënnerstëtzen. Mä doriwwer eraus ass et sou, dass de “Wielerwëllen” eng Generaliséierung ass, mä ee vun engem Individuum net onbedéngt op e Kollektiv schléisse kann (vgl “individualistischer Fehlschluss”). Dass et keen eenheetlechen Wielerwëlle gëtt, kann ee ganz gutt dorun erkennen, dass eng hëtzeg Debatt iwwert Dräierkoalitioun entfacht ass, an dass d’Vollek quasi an zwee gespléckt ass.

Mä d’CSV huet an 99 vun 106 Gemengen déi meeschte Stëmme kritt.

Och wann dat wouer ass, ass dat keen Argument, wat gräift. An eisem Wahlsystem gëtt nämlech net gekuckt, ween an de meeschten Gemengen eng relativ Majoritéit huet, mä d’Stëmmen ginn an all Bezierk zesumme gerechent an dann an Sëtz ëmgerechent. Wéi dat am Detail funktionéiert, kann een hei noliesen. D’Resultat ass, dass d’CSV sou insgesamt op 23 Sëtz komm ass, wat kenger absoluter Majoritéit entsprécht, sou dass si alleng d’Regierung net kënnen stellen.

Okay, awer d’CSV ass trotzdem déi stäerksten Partei am Land, oder?

Och dëst ass richteg, mä och dat ännert näischt. D’CSV huet 23 Sëtz, also genau 8 Sëtz ze mann, fir alleng d’Regierung ze bilden. Et steet a kengem Gesetz dran, “déi stäerksten Partei MUSS an der Regierung vertruede sinn”. Et geet dorëms, dass Parteien sech eens sinn, fir zesumme(n)™ eng Koalitioun anzegoen, sech un den Dësch ze setzen an ze diskutéieren. Wa keng Partei dorun interesséiert ass, mat der CSV eng Koalitioun anzegoen (wat jo och de Fall ass), dann ass et absolut legitim, dass aner Solutiounen ugestrieft ginn.

D’CSJ argumentéiert et esou:

 

Dës Rechnung ass NET richteg, eng Dräierkoalitioun géif op 48,58% kommen. Well mer awer net an engem groussen Wahlbezierk wunnen a wiele ginn an mer awer d’Prozenter op engem nationalen Plang vergläiche wëllen, muss d’Gréisst vum Bezierk mat verrechent ginn, well soss eng Stëmm aus dem Süden méi wäert ass wéi eng aus dem Osten. Wéi et am Fall vun engem gemeinsamen Wahlbezierk kéint ausgesinn, kann een hei no liesen. Dovun ofgesinn, dass net d’Prozenter iwwert d’Majoritéit entscheeden, mä d’Unzuel vun de Sëtz, kann een och net genau viraussoen, wéi et an engem gemeinsamen Wahlbezierk géif ausgoen. Dat genaut Wielerverhalen kann nämlech net genau virausgesot ginn, well sech dann ganz aner Wieloptiounen erginn: WielerInnen aus dem Norden kéinten dann och fir Leit aus dem Süden wielen etc. Ausserdeem misst an deem Fall och de gesamten Wahlsystem iwwerduecht ginn. Also och dëst Argument ass falsch, de Wahlsystem wéi en den Ament ass favoriséiert nämlech gréisser Parteien.

D’CSV ass awer kloren Gewënner vun der Wahl!?

Ween den Titel “Gewënner vun der Wahl 2013” kritt, kann ech net beuerteelen, well dat ëmmer anescht argumentéiert gëtt. Ob dat elo deen ass, deen déi meeschten Stëmme krut oder deen ass, deen déi meeschte Sëtz oder Stëmmen gewonn huet, ass net kloer gekläert. Mä dat ass och irrelevant, well a kengem Gesetz dra steet, dass nëmmen de “Wahlgewënner” Urecht op e Formateur an domat d’Regierungsbildung huet.

Ok, lo hunn ech et: Den Jean-Claude Juncker krut déi meeschte Stëmmen.

Jo, den Jean-Claude Juncker krut mat 55 968 Stëmmen vill méi wéi den 2ten, den Jean Asselborn, mä och dat ass net wierklech wichteg. Och heizou gëtt et kee Gesetz, wat dem meeschtgewielten d’Recht gëtt, Formateur an doduerch Premierminister ze ginn. D’Regierung geet aus enger parlamentarescher Majoritéit erfir, déi duerch Sëtz verrechent gëtt.

Et geet deenen dach just drëm, un d’Muecht ze kommen!

Wahlen sinn en demokrateschen Prozess, deen et eis erméiglecht, eis Volleksvertrieder an domat eist Parlament ze wielen. Déi et an d’Parlament geschafft hunn, mussen eng Gruppéierung maachen, déi der Majoritéit entsprécht, an déi bilden dann eng Regierung. Generell kann een vun jidderengem, deen un de Wahlen deelhëlt, soen, dass en no Muecht strieft, well dat ass den Sënn an Zweck vun de Wahlen: Muecht verdeelen. Iwwregens huet een net nëmmen an der Regierung Muecht, mä och an der Oppositioun, well een zB Gesetzer blockéieren kann. Och d’CSV gräift no Muecht an si hunn dat och kloer ausgedréckt. Dat kann een also net als Reproche stoe loossen.

Et ass awer bëssen hannerhälteg vun der DP..

D’Dräierkoalitioun ass och virun den Wahlen als méiglech Alternativ zu CSV-LSAP, CSV-DP an souguer CSV-Gréng gehandelt ginn. Och wann et fir CSV-Gréng no de Wahlen net duergeet, war dëst virun de Wahlen am Gespréich an déi gréng goufen dofir och vill kritiséiert. All Wieler wosst also virun de Wahlen, dass dës Méiglechkeet an der Loft hänkt an hat d’Méiglechkeet, wann en d’CSV onbedéngt an der Regierung wollt gesinn, d’CSV dann och ze wielen. Ausserdeem ass d’Partei duerch d’Wahlen net verflicht, eng bestëmmten Koalitioun anzegoen, och wann se dat virun de Wahlen vläit versprécht oder souguer an de Wahlprogramm schreift. Den/D’WielerIn hat virun de Wahlen d’Chance, sech ze informéieren, an d’Iddi vun der Dräierkoalitioun ass och am Wahlkampf opkomm. Et kann een also net soen, dass een dovun näischt gewosst hätt, wann een sech informéiert hätt. Ausserdeem krut d’DP en Mandat vun 3/4 vum Parteikongress, fir Gespréicher mat der LSAP an déi gréng unzefänken. [3] En duerch an duerch demokratesche Prozess.

Wann de Charles Goerens net an d’Parlament wëll, hätt e net sollten mat an d’Wahle goen.

Vu dass ech net an dem Charles Goerens säi Kapp erakucken kann an net déi genau Motiver erausfannen an seng Entscheedung zu 100% novollzéie kann, kann ech doriwwer näischt soen. Ech kann awer soen, dass och wann de Charles Goerens déi 17 523 Stëmmen net kritt hätt an déi wieren integral™ un d’CSV gaang, hätt dat keen Ënnerscheed gemeet: D’DP hätt am Norden trotzdem 2 Sëtz kritt an d’CSV 4, et ännert sech also näischt. Wéi vill Leit d’DP Lëscht komplett gewielt hunn wéngst dem Charles Goerens, doriwwer ka just spekuléiert ginn.

Déi dräi Parteien leien awer thematesch wäit auserneen?

Och wann op den éischte Bléck déi dräi Parteien sech a verschiddenen Punkten ënnerscheeden, ass dat nëmmen normal. Wann se allen dräi de nämmlechte Programm hätten, hätten se och fusionéiere kënnen. Dat ass jo awer grad dat spannend un der Demokratie. Den/D’WielerIn huet de Moyen, eng Partei ze wielen, déi seng/hier Interessen vertrëtt. Dës Vertrieder mussen sech dann eens ginn, et muss e Konsens fonnt ginn. Dass am Laf vun den Koalitiounsverhandlungen Parteien Positiounen labberen oder opginn, ass also nëmmen normal. Duerfir ginn et jo Koalitiounsverhandlungen, fir sech iwwert thematesch Differenzen ewech ze setzen. Wann dës Verhandlunge scheiteren, ass de Wee fir eng CSV-LSAP– oder eng CSV-DP-Regierung ëmmer nach op. Iwwregens: Och an der Chamber mussen d’Parteien och Kompromësser agoen, well e Gesetz ofgestëmmt muss ginn.

Mir gi bëssen d’Argumenter aus, mä wisou hale mer da kee Referendum iwwert eng 3er Koalitioun?

Den 20. Oktober 2013 huet de Wieler schonn seng Meenung gesot an eng 3er Koalitioun mat 32 Sëtz ausgestatt. D’Leit haten 3 Méint laang Zäit, sech während dem kuerzen mä intensiven Wahlkampf z’informéieren. Eng sëllechen Table-Ronden goufen organiséiert, et gouf vill diskutéiert  an d’Wahlen waren omnipräsent. Et ass d’Flicht vun all Bierger, nom beschten Wëssen a Gewëssen wielen ze goen. Dat hunn d’Leit och gemeet, an Roud-Blo-Gréng mat 32 Sëtz belount.

Fazit

All Argument fir eng 3er Koalitioun tëscht DP, LSAP an déi gréng ass absolut legitim. D’Dekonstruktioun vum “Wielerwëllen” weist, dass et schwéier ass dee genau ze erfaassen, mä duerch den demokratesche Prozess am Wahlsystem, an deem mer liewen, berücksichtegt. Inwiefern een och vum “Wielerwëllen” schwätze kann, wann 44,5% vun der Bevölkerung vun de Wahlen ausgeschloss gëtt, ass och diskutabel. Ofschléissend géif ech nach gären op dem Manuel Huss säin Argument verweisen:

 

 

 

Share on Facebook1.1kTweet about this on Twitter0Share on LinkedIn0Email this to someone
  1. Ech ënnerloossen de Begrëff “Gambia-Koalitioun” opgrond vun negativen Connotatiounen, besonnesch well  am Gambia d’Mënscherechter oft verletzt ginn; Als Lecture: “Gambian president says gays a threat to human existence“ []
  2. Dumont, Patrick/Fehlen, Fernand/Poirier, Philippe, 2008: Parteiensystem, politische Parteien und Wahlen, in: H. Lorig, Wolfgang/Hirsch, Mario (Hrsg.), Das politische System Luxemburgs. Eine Einführung. Wiesbaden:VS Verlag für Sozialwissenschaften, S. 159. []
  3. Wort.lu – DP, LSAP und Grüne bereit für  Dreierkoalition; Online unter: http://www.wort.lu/de/view/dp-lsap-und-gruene-bereit-fuer-dreierkoalition-526564cae4b071b37c172b05 []

27 Comments

  1. Gilles Parisot

    Korrekt erklärt Här Biver! Also, ech wosst villes net wat an all ären Texter hei steet a verstinn och net grad alles op en éischt Liesen. Do muss ech mech dann nach emol dermat beschäftegen. Ech géif et awer gutt fanne wann an all Gemeng 1 Mount bis 1 Woch virun de nächste Walen eng Informatiounsversammlung wier fir de Leit ze erkläre wéi déi Stëmmen zesumme gerechent gi wou den eenzelne Wieler ofginn huet. Vill Leit, ech hunn den Androck, fillen sech falsch behandelt well si sech net bewosst ware wéi hir Stëmmen ausgewäert ginn an doraus Sëtz gemeet ginn. 1 + 1 ass jo do net einfach 2. Well Där jo eppes dervu kennt, :) :) fannen ech, sollt Där d’ Gemengen an dem Sënn uschreiwen. :)

    Gilles Parisot

    1. Merci fir de Feedback! Ech mengen allerdéngs net, dass et u mir ass fir politesch Bildung am Land z’erméiglechen. Do ass déi zukünfteg Regierung gefuerdert, fir dass jiddereen, ob an der Schoul oder ausserhalb vun der Schoul, d’Méiglechkeet kritt, sech einfach an objektiv iwwert eise politesche System z’informéieren. Well u sech just en informéierte Bierger kann sech produktiv un der Gesellschaft bedeelegen.

  2. gudd geschriwwen. fannen et nice vun dier dass de dat mol verständlech fier jidereen op den punkt brengs. dat toppt d Qualiteit vun den gängegen Daageszeitungen ëm Längten.

    1. Merci fir de Feedback! ;)

  3. Daat ass wirklech gudd geschriwwen, verschiddenes hannerluecht, mee leider wei och CSV Leit daat man vill zevill duerch den Parteibrell argumenteiert. Haapt Slogoaen an Wahlprgrammer sollten schon agehaalen gin duerno, an daat ass, su Schued et och ass, schlicht net meigleg an daer dooten 3er Kontellatioun, wann iwwerhapt an irgendenger 3er.

    1. Merci fir den Feedback! Ech mengen allerdings schonn, dass een an enger Koalitioun seng verschidden Meenungen an Positiounen kann duerchsetzen, mä et besteet eben Diskussiouns- an Verhandlungsbedarf, wat iwwregens an all Koalitiounsverhandlung de Fall ass, och wann d’DP mat der CSV géing koaléieren.

  4. Alles richteg, mee just eng Interpretatioun wéi eng aner och !

    Ech froë mech just, op d’Leit dat selwecht gewielt hätten, wann een dat do am viraus gewosst hät ! Ech zb hät secher anescht gewielt, och wann ech am Prinzip naicht géint eng 3er Koalitioun hunn !
    Zb di greng hun a mengen Aan naicht do verluer, de Resultater no… demno NET dem Wieler säi Choix !
    Datt alles legitim ass, wees och scho laang all Mënsch! Et ass och legitim wann ech mech krank mellen wann ech net krank sinn, an awer en Attest vum Dokter brengen !

    Mee och ech si fir neie Wand an der Regierung, a gi jo souwiesou net mi gefrot. Demno bleiwen ech gespaant, wat di 3 dann elo su grousses werten beweegen an sech beweise mussen ! ;)

    1. Merci fir de Feedback. D’Optioun vun der 3er Koalitioun gouf virun de Wahlen jo awer kloer ugeschwat an och als méiglech Alternativ diskutéiert. De Wieler wosst also schonn, wourop en sech aléisst.

    2. moien laurent,

      dein doktor argument klengt mir falsch. wann de de attest hues an net krank bas dann as dat net legitim mae betrug. et gaukelt just legitimiteit fir. just well sou eng koalitioun net as wat dleit sech virstellen as et nach net onlegitim, de rechtsstaat baut dorobber op dass d’gesetzer am virraus nozeliesen sin an de wieler dann “spillt”. ech hoffen ech hu mei standpunkt kloer gema. :)

      lg david

  5. ganz gudde Blog just eng kleng Rectificatioun.
    d’Leschtestemmen sinn dest Joer erem op iwer 50% (54,16%) geklommen. 2009 waren se bei 47,65%

    1. Merci fir de Feedback! Ech hat mech hei op d’Buch, wat ech als Quell uginn hunn, bezunn. Et kann een iwwert déi läscht 30 Joren en Trend erkennen, dass d’Lëschtewahlen ofgeholl hunn. Och wann 2013 se rëm bëssen geklomm ass, heescht dat nach net onbedéngt, dass dësen Trend gebrach ass.

  6. Här Biver,

    Är Erklärungen sinn titop an hoffentlech fir jidderee verständlech. Vläicht hëllefen se och e puer hëtzeg Gemidder sech ze berouegen. Si sinn esouguer bal exhaustif, mä ech vermëssen just eng Erklärung zu engem Argument, dat vu ville Leit falsch interpretéiert a verbreet gëtt (souguer vun der Presse):
    De Jean-Claude Juncker huet vill méi Stëmmen wéi de Xavier Bettel (55 968 vs 32 064 Stëmmen). Vu que datt déi 2 Kandidaten jo a verschidde Bezierker ugetriede sinn, war d’Zuel vun de Wieler, also vun de potenzielle Stëmmen, eng aaner. Wann een d’Stëmmen mat de maximale méifglech Stëmme vergäicht (source RTL), da huet de Jean-Claude Juncker effectiv méi Stëmmen wéi de Xavier Bettel: De Jean-Claude Juncker krut am Süden 3,18 % vun de méiglech Stëmmen an de Xavier Bettel 2,89% vun de méiglech Stëmmen aus hire jeweilege Bezierker. Dës Differenz ass jedach zimlech kleng. Här Biver, wann déi Rechnung net richteg ass, verbessert mech roueg!
    Als Conclusioun muss een awer soen, datt dee Kandidat, deen déi meeschte Stëmmen huet, sech domadder och näischt kaafen kann an eise Wahlsystem him och soss keng Prerogativen verschaaft. Néierens steet datt Premier dee Kandidat muss ginn, deen déi meeschte Stëmme krut. Souguer wa vun der zukünfteger Regierung d’Ministerposten verdeelt ginn, spillt d’Unzuel vun de perséinlech Stëmmen net. Dës si just ausschlaggebend fir e Classemnt an de Lëschten ze maachen fir ze kucken ween hano an d’Chamber kënnt. Se déngen de Parteien awer och fir d’Popularitéit vun de jeweilege Kandidaten ze moossen an ka hinnen esou hëllefen d’Posten ze besetzen déi ze bestzen sinn (Minister, Fraktiounspräsident, Chamberspräsident etc…)

    1. Merci fir de Feedback. Ouni d’Chifferen elo kontrolléiert ze hunn well ech dozou just soen, dass een d’Stëmmen schlecht vergläiche kann, och wann een se op e gemeinsamen Wahlbezierk hëlt an niefteneen stellt. Hätte mer nämlech e gemeinsamen Wahlbezierk, sou wier dat ganz Wielerverhalen anescht. Wéi et dann géif ausgesinn ass eng reng Spekulatioun, op déi ech mech net aloossen wëll a kann.
      Et bleift festzehalen, dass et net vill Sënn mécht, d’Stëmmen op nationalem Niveau (och duerch d’korrekt Verrechnung, wou d’Gréisst vum Bezierk agerechent gëtt) ze vergläichen, well et reng Gedankenexperimenter sinn.

  7. Also daat dooten ass awer duerch eng Extreem Gambia Brell gekuckt.

    Viel Argumenter sin secher net falsch, kann een awer genau esou annerstes leen an dann total emmdreinen.

    An Nee, ech sin kengt 3er. Mee dei do Argumenter kann secher all CSVler direkt kippen.

    1. Merci fir de Feedback.
      Ech hunn probéiert dësen Artikel sou objektiv wéi méiglech ze schreiwen an keng Positioun ze huelen, mä wéi mer all wëssen ass dat natierlech net zu 100% méiglech. Trotzdem denken ech, dass dat net wierklech “Argumenter” sinn, mä ech weisen einfach offen, wéi den Oflaf ass an wéi et genau geregelt ass. Vill Aussoen, déi ech als Iwwerschrëfte geholl hunn an am Text widderluecht hunn, sinn nämlech vun fir eran falsch. Et geet hei net ëm meng perséinlech Meenung mä einfach ëm logesch Fakten.

      1. Logesch Fakten sinn och dass an enger Demokratie d’Meenung vun op mannst 50% soll ziëlen, net déi vun méi wi 30 Sëtz. An den Prinzip besteet säit 2500 Joër. Dëse Fakt hätt d’Objektivitéit vun Ärem Artikel méi ausgeprägt ;)

  8. @Charles Arlon an Laurent:

    Dat do ass weder eng Interpretatioun nach kann een CSVler déi Argumenter kippen an fir sech notzen, well et ganz einfach keng Argumenter sinn. Et ass eng reng Opzielung an Erklärung zum Ooflaaf, an déi ass halt Fakt an dementspriechend richteg. Egal op een elo géint oder fir eng 3er Koalitioun ass.

  9. Merci, op mannst wees ech elo, dass ech net den eenzegen sinn, denn de Begrëff “Gambia-Koalitioun” total déplaceiert fend.

    Ech kann daat Wuert “Gambia” net mei heieren, wien um ‘Gottes Wëllen’ huet daat op d’Welt gesaat?

    Sos, awer och merci vir den recht pragmateschen, an liesenwärten Beitrag :)

    1. Hallo, merci fir de Feedback. Souwäit ech weess, gouf den Numm vun der “Gambia-Koalitioun” vun de Medien an d’Welt gesat, an zwar fir genau ze sinn vun enger grousser Dageszeitung zu Lëtzebuerg. Si mer do allerdéngs net zu 100% sécher, ween déi Iddi fir d’éischt hat.

  10. Merci fir dei Erklärungen Här Biver

    Villes dofun ass richtag, sllerdings sin echan puer Punkten net averstaanen.

    Ech hun perseinlech neischt geint eng Dräierkoalitioun, sin allerdings net averstaanen domat wei daat ganzt ofgelaaf ass. An mengen Aan hätten all dei Partein, dei fir eng Koalitioun an Fro kommen, missten mateneen schwätzen an dann eng Entscheedung huelen dei am beschten fir d’Bierger ass. Sou wei et ausgeseit ass daat ganz schon virun den Wahlen decideiert gin an eng vun den Parteien get einfach ignoreiert. Daat ass net richteg, well dann hätten mir net missen wielen goen.

    Et ass richteg daat d’CSV mat 1/3 fun den Stemmen keng Majoritéit huet, daat heescht awer nach lang net daat 2/3 fun den Wieler fir eng Dräierkoalitioun sin.

    Ech fannen daat mir lo eng stark an kompetent Regierung brauchen. Fir zu zwee een Accord ze fannen ass net emmer einfach. Zu drei ass daat awer nach vill mei schweier. Virun allen wann een mat 32 Setz eng schwäch Majoriteit huet an dei stärksten Oppositiounspartei 23 Setz huet.

    Punkto Charles Goerens sin ech iwerascht iwert Kommentaren. Schliesslech huet heen virun den Wahlen gesot daat heen nemmen and Regierung ging goen wann seng Partei et verlangt. Domat hällt heen sein Wuert net sou wei aner Spetzenkandidaten aus senger Partei.

    Arsène Faber

    1. Merci fir de Feedback!
      Dass d’DP net bereet ass mat der CSV Gespréicher ze féieren fannen ech perséinlech net sou schlëmm, well d’Wahlresultater dozou jo och net verflichten. Déi eenzel Parteien kruten och vun der Parteibasis kee Mandat, fir mat der CSV ze diskutéieren, a wann se sech all eens sinn dass se Konsequenzen vun de politesche Skandaler, déi zu den Neiwahlen gefouert hunn zéie wëllen an e kloren Richtungswiessel fir d’Land wëllen, fannen ech et souguer luewenswäert fir déi Parteien, dann net an d’Versuchung vun der CSV ze kommen. Ech fannen dass et enorm respektabel ass, well grad déi Akteuren wéi de François Bausch an de Xavier Bettel, déi duerch hiren Asaz zu den Neiwahlen mat bäigedroe hunn, elo Réckgrat beweisen an hiren Positiounen trei bleiwen, an sech net der grousser CSV kuschen.

      Wéi ech schonn erklärt hunn, hu mer e Sonndeg och NET iwwert eng Regierungskoalitioun ofgestëmmt mä eenzel Parteien gestäerkt..

      Dass mer eng staark Regierung brauchen, deem stëmmen ech zou, mä ech si positiver Saach, dass déi dräi Parteien sech iwwert déi (eigentlech net sou grouss) Ënnerscheed ewechsetze kënnen.

  11. Här Biver,

    Ech erlaben mir e puer (kritesch) Remarquen zu Ärem Artikel, deen ech qualitativ gut fonnt hun. Dir sidd Member bei déi Greng, also nët onbefangen an dëser Diskussioun (waat keen Problem duerstellt). Ech sin Member an kenger Partei (an trotzdem nët neutral).

    I. Fir d’éischt emol zu den Basishypothèsen, op Grond vun denen een, menger Meenung no, raisonnéieren muss :

    1) Et muss een dovun ausgoen, dass all Stëmm ganz bewosst verdeelt gouf (och vun denen Leit, déi panachéiert hun). Alles anescht géing dozou féieren, daat ganzt Wahlresultat an Fro ze stellen, inklusiv Sëtzverdeelung am Parlament.

    2) De Wahlsystem mat den 3 Bezierker as, wéi en as. Et kann een sech froen op een daat verbesseren kéint, mee wann een d’Wahlresultat analyséiert, dann muss een den System sou acceptéieren, wéi en as. “Wann ech gewosst hätt dass…” kënnen mir nët gëllen lossen, genau sou wéineg wéi “d’Leit, déi panachéieren, wëssen nët waat se maachen”.

    II. Lo zum Konzept vum “Wielerwëllen”.

    1) Eis Constitutioun seet am Artikel 32 (1) : “La puissance souveraine réside dans la Nation”. Den Terme “Nation” as nët définéiert an der Constitutioun, mee et gin awer Définitiounen vun bekannten Auteuren, déi daat Wuert sou erklären : “communauté généralement fixée sur un territoire déterminé dont la réalité résulte de caractéristiques ethniques, linguisitiques, culturelles, de coutumes sociales, de traditions historiques et religieuses, tous facteurs qui développent un sentiment d’appartenance et des aspirations politiques trouvant leur manifestation essentielle dans la volonté collective de s’ériger en corps politique souverain au regard du droit international, v. patrie, nationalité (sens 4)” (Gérard Cornu, Vocabulaire Juridique, PUF, édition 2007).

    Am Moment mecht eis Constitutioun also den Lien zwëschen der Puissance Souveraine an der Nationalitéit. Et kann een wuel zu Lëtzebuerg wunnen, an awer nët zur Natioun gehéieren an ëmgedréint. Desen Lien kann een gut fannen oder nët. An wann een et änneren wëll brauch een eng Majoritéit am Parlament vun 2/3 (40 Setz).

    Den Ausdrock par excellence vun der Puissance Souveraine as d’Wahlrecht. Datt dëst Wahlrecht op d’Leit mat lëtzebuerger Nationalitéit beschränkt as, as also koherent (gut oder nët gut? – do huet jiddereen seng Meenung).

    2) Wann een vun Wielerwëllen schwätzt, dann schwätzt een also automatesch vum Wëllen vun den “Wieler”, also vun denen, déi d’Wahlrecht hun. Wann ech hei liesen, datt een nët vum “Wielerwëllen” schwätzen kann, well verschidden Leit, déi hei wunnen, nët wielen därfen, dann huet een eng falsch Virstellung vum Wuert “Wielerwëllen”.

    3) Dir sot, “vun engem Individuum kann een nët onbedingt op een Kollektiv schléissen”. Daat as vläicht richteg, mee de facto mecht eisen Wahlsystem et sou, well et och nët anescht méiglech as, oder? Duerch d’Zesummenzielen an Auswärten vun allen Stëmmen vun den eenzelnen Wieler, entsteet den “aggrégéierten” Wëllen vun allen Wieler. Dësen Wëllen dreckt sech, Bezierk fir Bezierk, an den Stëmmenzuelen (absolut oder prozentual) aus. Duerno gëtt dann d’Sëtzverdeelung gerechent. Daat as de Wahlsystem an, wéi gesot, deen mussen mer sou huelen wéi en as, wann mer wëllen eng Interpretatioun vum Resultat maachen.

    4) Dëst as de Grond, virwaat ech fannen, dass een schon verschidden Saachen aus den Prozentzuelen erausliesen kann, sous condition dass een et richteg mecht.

    Zum Beispill :

    Am Bezierk Norden sin 50,06% vun den Stëmmen weder un d’LSAP, nach un déi Greng, nach un d’DP gangen.
    Am Bezierk Süden sin 52,28% vun den Stëmmen weder un d’LSAP, nach un déi Greng, nach un d’DP gangen.
    Am Bezierk Osten sin 53,68% vun den Stëmmen weder un d’LSAP, nach un déi Greng, nach un d’DP gangen.
    Am Bezierk Zentrum sin 49,87% vun den Stëmmen weder un d’LSAP, nach un déi Greng, nach un d’DP gangen. (ech gin zou, an meng Argumentatioun hätt et nach besser rangepasst, wann et och hei iwwert 50% gewiescht wieren, daat as awer nët sou, ännert awer am Endeffekt nët vill)

    Fir all Stëmm, déi ech weder der LSAP, nach denen Grengen, nach der DP gin, drecken ech aus, dass ech kenger vun denen genannten Parteien wëll mäin Vertrauen schenken.

    Et kann een dësen Exercice och nach fir DP/CSV maachen, wuelverstan vum negativen Point de Vue aus : “souvill Prozent hun weder fir DP nach fir CSV gewielt”, anescht ronderem seet et nämlech näicht aus, well een, deen fir d’DP stëmmt huet, eben nëmmen fir d’DP gestëmmt huet, an nët fir iergendeng Koalitioun (sou as de Wahlsystem). Bei deem Exercice kommen dann folgend Protentzuelen raus : Norden – 42,60% ; Zentrum – 39,67% ; Osten – 44,47% ; Süden – 55,02% (och hei hätt et besser an meng Argumentatioun ragepasst, wann et an all Bezierk <50% gewiescht wier. Daat as nët de Fall, ännert awer nët vill).

    Méi Conclusiounen zéien ech do lo nët doraus, daat kann jiddereen fir sech maachen, oder sech awer einfach domat zefridden gin, dass et ëm d’Majoritéit am Parlament geet. Daat as nämlech richteg, awer fir mech och rëm keen Grond fir d’Prozentzuelen an der Analys vum Wahlresultat, an virwaat nët och am Hibleck op eng nächst Regierung, ze ignoréieren.

    III. De Choix vun der DP

    1) Wuelverstan, an eisem Wahlsystem, wielt een keng Regierung/Koalitiounen, mee et gëtt een seng Stëmm enger Partei (eventuell iwwert een Kandidat). Daat heescht et gëtt een der Partei, déi een wielt, een “Freifahrtsschein” fir duerno mat denen Stëmmen ze maachen, waat d’Partei als Ganzt (an nët den eenzelnen Member, cf. Affaire Goerens), och do rëm als “aggrégéiert” Meenung vun engem Kollektiv , wëll. Wann d’DP also lo mat hiren Stëmmen an Sëtzer mecht, waat se wëll, dann as daat, wéi den Titel vun Ärem Artikel sou schéin seet, “légitime”.

    2) Et muss een sech awer trotzdem nët domat zefridden gin. D’DP huet am aktuellen Kontext de facto den Choix fir sech säin Koalitiounspartner rauszesichen. Bei dësem Choix kann een verschidden Saachen berücksichtegen. Menger Meenung no, sollt daat virun allem de Parteiprogramm sin. Den Här Bëttel behapt, hien géing déi Meenung deelen, verhällt sech awer nët forcément sou, wéi wann daat wouer wier. Wéieen Grond gëtt ët, fir vun fir ran ze soën : mir schwätzen nët mat denen engen? An den Koalitiounsverhandlungen sicht een Kompromisser zwëschen de Programmer. Et kann een sech domat zefridden gin, wann een iergendeen Kompromiss fonnt huet. Et kann een awer och, am Sënn vum Land, de beschten Kompromiss sichen, andeems een mat jidderengem schwätzt an kuckt waat raus kënnt. Fir mech perséinlech as daat eng Attitude, déi d’Crédibilitéit vum Här Bëttel an Fro stellt. Virun allem wann ech dann folgendes liesen/héieren (Retranscriptioun Wuert fir Wuert vum Telésinterview op RTL den 23.10.2013 no der Déclaratioun vum Charel Goerens) :

    Xavier Bettel: "Mä dat ass seng Meenung gewiescht, mä d'Partei, wann dat den, 't ass dat de Choix gewiescht, mir hunn eis gesot, wa mer d'Méiglechkeet hunn dës Politik ze gestalten an en anere Wee ze goe wéi deen deen am Ament ass, an dass mer Partner hunn, déi eis soen, dir kritt d'Méiglechkeet de Premier ze stellen, wann der, mä mat der Politik, well et geet lo wierklech net dorëms, just ëm Posten, mä wa mer déi Politik kënne maachen déi mer och brauchen. An der Gesellschaftspolitik si Saachen déi mer gemierkt hunn déi déi lescht Zäit blockéiert hunn."

    Et as légitime fir wëllen Premier ze gin. Ze riskéieren, dësen Wëllen iwwert d’Intérêt’en vum Land ze stellen, as awer nët sou wéi ech et gären hätt.

    3) Een lescht Wuert zu der Stabilitéit an den Erausfuerderungen vun enger Majoritéit mat 32 Sëtz : cf. Woxx-Artikel : http://www.woxx.lu/id_article/6872
    Et sollt een sech ganz gut iwwerleen, waat een mecht an waat een einfach sou (liichtsënneg) ausschléisst. Ech mengen, mir sin nët an der Situatioun wou mir eis et leeschten kënnen fir eng Regierung ze bilden, déi no 2 Joer schon rem zesummenbrecht.

    Mat beschten Gréiss,

    P.M.

    1. Dir hutt do villes geschriwwen, mat deem ech net extrem averstan sinn, mä ee Punkt muss ech awer eraussträichen, deen mir besonneg sauer opstéisst:

      “Fir all Stëmm, déi ech weder der LSAP, nach denen Grengen, nach der DP gin, drecken ech aus, dass ech kenger vun denen genannten Parteien wëll mäin Vertrauen schenken.”

      Mir wielen e Parlament, a keng Regierung. A bei deene Walen stëmme mir fir Parteien, an net géint se. Wann ech also all meng 7 Stëmmen un déi gréng ginn, heescht dat net, dass ech déi lénk an der LSAP net vertrauen. Jo, ech “schenken hinnen net mäi Vertrauen” am Sënn vu Stëmmen. Mä alles wat dat heescht, ass, dass ech déi gréng am meeschte vertrauen a si gär gestäerkt an der Chamber gesinn.

      Dat do ass eng negativ Liesaart vun eise Walresultater, déi a mengen Ae komplett donieft ass, well se net op der Realitéit vun eisem Walsystem baséiert. Mir ranken d’Parteien jo net eiser Präferenz no, mä verdeele Stëmmen un déi, déi mir am beschte fannen. Aus mengem Walziedel kann een also eenzeg an alleng rausliesen, dass ech déi gréng gutt fannen. Soss näischt.

      1. Ech mengen eisen Wahlsystem, léisst eis extrem vill Méiglechkeeten fir eis auszedrecken. Een “Ranking” vun den Parteien ze maachen as zum Beispill ganz gut méiglech mam Panachage. Ech kann 3 Stemmen der LSAP gin, 2 der DP, 1 der PiD etc.

        Wuelverstan hun ech geschriwwen : fir all Stëmm, déi ech der Partei X nët gin, “drecken ech aus” dass ech där Partei nët mäin Vertrauen schenken. Dir kënnt och liesen “dass ech déi Partei nët stärken wëll”. Ech mengen daat kënnt op daat selwescht raus. Wann ech sou wielen, heescht daat eben just, dass ech no baussen een Choix “ausdrecken”. Op ech daat lo sou mengen oder nët. Wann dir all Är Stëmmen un déi Greng gitt, dann dreckt dir aus, dass dir just déi Greng stäerken wëllt (à l’exclusion vun denen aneren). Jo, dir vertraut vläicht nach aneren Parteien. Vläicht vertraut dir och nach enger anerer Partei vill méi, wéi deenen Grengen, mir dir dreckt daat eben nët duerch Ären Vote aus. Wann Dir et hätt wëllen ausdrecken, dann hätt dir et kënnen maachen an deems Dir panachéiert hätt.

        Ech sot jo, ech zéien keng Conclusiounen doraus. Ech stellen just fest.

    2. Hallo, ech entschëllege mech fir déi spéid Äntwert, ech sinn bis elo einfach net dozou komm.

      Och wann ech Member bei déi gréng sinn, mengen ech net dass dës Argumentatioun vill dorënner gelidden huet, well déi eenzeg normativ Aussoen wou ech getraff hunn sinn am Fazit ze fannen, wat awer och absolut okay ass.

      Zu I.1 an I.2 hunn ech näischt bäizefügen, deem stëmmen ech zou. Mäin Blogpost zu engem gemeinsamen Wahlbezierk ass jo e rengt Gedankenexperiment, méi net.

      Zu II.1 – Jo, et ass kohärent, mä ech kann et jo awer trotzdem kritiséieren oder diskutéieren, oder?
      II.2 – Ech hunn jo just geschriwwen, dass et diskutabel ass an dass een déi Saach kritesch hannerfroe kann a soll. Et ass kohärent mam aktuelle System, jo, mä ob et duerfir “richteg” oder “falsch” ass, dat ass eng aner Diskussioun.
      II.3 – Och dës Aggregatioun vun de Stëmmen dréckt awer net aus, wéieng Koalitiounspreferenzen de Wieler huet, oder?
      II.4 – Ech mengen, de Chris huet dorop schonn alles gesot, wat et do ze soen gëtt.

      III. 1 – Näischt bäizefügen.
      III. 2 – Wann een aus den Skandaler vun de läschte Joren (ech muss se jo net méi opzielen, oder?) Konsequenzen zéie wëll an en neie Wand an d’Politik brénge well, ass dat schonn eng staark inhaltlech Ausso. Wann een dann e Schrëtt méi wäit geet an sech Gedanken mécht, ween déi Verantwortung vun dëse Skandaler dréit an sech iwwerleet, wisou et iwwerhaapt zu Neiwahlen komm ass, dann mécht de Choix vun der DP vill Sënn an si beweisen och vill Réckgrat. Géing d’DP direkt eng CSV-DP Regierung agoen, well et méi einfach ass, DAT géif d’Kredibilitéit vum Xavier Bettel, deen jo awer vill matgewierkt huet, dass et Neiwahlen gi sinn, ferm a Fro stellen.
      Ech mengen net, dass et primär ëm de Posten vum Premier geet, och net, den Här Juncker “ze verdreiwen”, wéi dat sou oft vun der CSV als Totschlagargument benotzt gouf, mä wierklech fir e Wiessel an der Politik z’erreechen.

      III. 3 – Ier schonn vum Zesummebroch vun der Regierung, déi mol nach net steet, diskutéiert gëtt, misst een hier als éischt mol eng Chance ginn. Mir stinn un engem kritesche Wendepunkt an eiser nationaler Politik, et ass normal dass d’Leit Angscht hunn, mä et muss een dësem neie Mouvement, dësem frësche Wand och mol eng Chance ginn ier en am Keim erstéckt gëtt.

      Merci fir de Feedback,
      Claude

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *